Klassik Aktuell
Transcription and Transgressions
9 min
Nächsten Dënschdeg spillt den Ensemble Vocal du Luxembourg, kuerz EVL, säin Neijooschconcert. Ënner dem Titel “Transcription and Transgressions” spillt den EVL zesumme mam Männerkammerchouer Ensemble 85 ënner der Leedung vum Matthias Rajczyk. Um Programm: Wierker déi d’Grenzen tëschent dem Sologesang an der Chouermusek erweidere wëllt.
Den Dirigent huet dem Marie Trussart déi zwee Chéier virgestallt an ënner anerem verroden, wat den Titel u sech huet a wat fir musekalesch Erliefnisser ee sech erwaarde kann.
De Concert ass en Dënschdeg, 16. Januar um 8 Auer owes am Stater Conservatoire.
Presentéiert vum
- Marie Trussart