Radioen

On air

De barocke Moien  |  Frédéric Chopin - Walz a La Mineur, Op. posth. - Marek Mizera (Piano)

play_arrow Live
opus

/ Aquisitioun vun Intelsat duerch SES: "Timing ass alles"

Satellittebedreiwer

Aquisitioun vun Intelsat duerch SES: "Timing ass alles"

Den neie Grupp, deen duerch d’Acquisitioun vun Intelsat duerch d’SES zustane kënnt, wier an den Tope 5 vun de globale Satellittebedreiwer. Déi Aschätzung mécht de CEO Adel Al-Saleh. Dat milliardeschwéiert Geschäft gouf iwwerraschend annoncéiert, nodeems éischt Gespréicher mat Intelsat d’lescht Joer gescheitert waren.

auto_stories

1 min

Foto: SES

Den Timing wier en aneren, mengt dozou den Adel Al-Saleh, deen eréischt zanter dem 1. Februar CEO ass. Den Zesummeschloss wier scho laang vu béide Säite gewënscht an och néideg gewiescht, fir weider um globale Marché kompetitiv kënnen ze bleiwen. Hie selwer hätt iwwerdeems eng frësch Perspektiv mat an de Betrib bruecht.

„Ouni Bagage, ouni Vermiechtnes oder Virurteeler. Mir hunn een Accord fonnt an den Timing war gutt. D’Struktur ass vill méi einfach, am Verglach mat der leschter Kéier. D’lescht Joer hu mir iwwer eng Fusioun geschwat. Dës Kéier ass et eng Acquisitioun, wat vill manner komplizéiert ass. Timing ass alles, an dës Kéier huet et geklappt."

Iwwerschneidungen tëscht béide Betriber

Déi europäesch an amerikanesch Autoritéite mussen nach gréng Luucht ginn, mee bis d’Enn vum nächste Joer wëllt d’SES den amerikanesche Konkurrent Intelsat fir 2,8 Milliarden Euro opkafen.

Op d’Suerge vum OGBL ugeschwat, dee gëschter an engem Pressecommuniqué viru Plazenofbau an Delokaliséierung vum neie Grupp gewarnt hat, huet den Adel Al-Saleh betount, datt et sécher Iwwerschneidunge wäert ginn tëscht béide Betriber. Hire Sëtz géif ëmmer zu Lëtzebuerg bleiwen an et wäerten och ëmmer iwwer 600 Persounen hei am Land fir de Grupp schaffen.

Aktualitéit