Radioen

On air

De barocke Moien  |  Louise Farrenc - Sinfonie Nr.1 an Do Mineur, Op. 32, III. Menuetto: Moderato - Solistes Européens, Luxembourg, Christoph König (Dir.)

play_arrow Live
opus

/ Arizona: Representantenhaus a Senat stëmme géint restriktiivt Ofdreiwungsgesetz

USA

Arizona: Representantenhaus a Senat stëmme géint restriktiivt Ofdreiwungsgesetz

Am amerikanesche Bundesstaat Arizona huet d‘Representantenhaus a spéider och de Senat géint dat ëmstriddent Ofdreiwungsgesetz vun 1864 gestëmmt. Dat Iewescht Gericht vun deem Staat wollt dat Gesetz erëm a Kraaft setzen.

auto_stories

1 min

© picture alliance / Pacific Press | Michael Nigro
Foto: picture alliance / Pacific Press | Michael Nigro

D‘Politik huet sech dogéint gewiert. Verschidde Republikaner hu sech op d‘Säit vun den Demokrate geschloen. Dat ganz restriktiivt Gesetz hätt virgesinn, datt all Ofdreiwungen am Arizona – egal zu wéi engem Ament vun der Schwangerschaft - soll verbuede ginn. Och a Fäll vu Vergewaltegung oder Inzest. Ausname goufen et just, wann d‘Liewe vun der betraffener Fra a Gefor wier.