Radioen

On air

Notturno  |  

play_arrow Live
opus

/ Minimal Music fir Sträichquartett

Klassik Album vun der Woch

Minimal Music fir Sträichquartett

Ascension ass dee neien Album vum italieenesche Komponist Filippo Cosentino

auto_stories

2 min

headphones

5 min

play_arrow

Lauschterenplay_arrow

Et ass keng Musek vum Pionéier vun der Minimal Music Philipp Glass, mee tatsächlech en italieenesche Komponsist: De Filippo Cosentino. Säi neien Album heescht Ascension, also Himmelfahrt op Englesch. Op deem gi seng Sträichquartetter Nr. 5-8 vum Quartetto Speranza gespillt.
De Komponist schreift awer net nëmme Minimal Music, mee gouf och vum Pop, Jazz a Blues beaflosst.

E Synthesizer mat engem Sträichquartett

De Komponist spillt och Piano, Gittar a Bass. Am Quartett Nr. 5 spillt hie Synthesizer a begleet de Quartetto Speranza. De Quartetto Speranza, dat sinn iwweregens Museker a Musekerinnen aus dem Sinfoneschen Orchester vu Budapest. D'Klangfaarw vum Synthesizer vermëscht sech komplett mat där vun de Sträicher, soudatt en zwar heiansdo liicht ënnergeet, et awer zu engem grousse Touncluster vermëscht.

Datt et no Filmmusek kléngt, ass keen Zoufall

Genee wéi de Philipp Glass ass de Filippo Cosentino och e Filmkomponist an huet och scho fir e puer Filmer an Dokuen de Soundtrack geschriwwen. Et ass eng einfach Musek, déi gläichzäiteg vill Emotioune vermëttelt, genee wéi eng narrativ Struktur. Et ass schéin, baal meditativ Musek déi heiansdo liicht ustrengend wierkt. Déi méi dissonant Akkorde ginn awer nees opgeléist an et kritt een e Gefill vun emotionaler Opléisung. An engem Film kënnt de Protagonist jo och op Schwiregkeeten duer, bevir déi opgeléist ginn an et en Happy End gëtt.