Radioen

On air

De barocke Moien  |  Johann Georg Pisendel/Antonio Montanari - Sonat fir Gei a Continuo a Mi Majeur, IV. Allegro assai - Scaramuccia

play_arrow Live
opus

/ Asylprozedur: "Ech weess wierklech net wat geschitt, wann déi zwee Joer ëm sinn."

Véier Joer Asylprozedur

Asylprozedur: "Ech weess wierklech net wat geschitt, wann déi zwee Joer ëm sinn."

Den Iraker Abas Sharef ass 2016 mat grave Blessuren a Griicheland an dunn op Lëtzebuerg geflücht. Zënter 8 Joer sëtzt hien am Rollstull a krut Enn zejoert dowéinst "Sursis à l’éloignement” accordéiert. Dee ka fir eng maximal Dauer vun zwee Joer accordéiert ginn. Wéi et duerno weidergeet, ass onkloer.

auto_stories

4 min

headphones

5 min

play_arrow
Den Abas Sharef a seng Mamm Layla Hasan Hussein (Foto: 100,7)

Zweemol hannertenee krut den Abas Sharef seng Demande fir international Protektioun zu Lëtzebuerg vum zoustännege Ministère refuséiert, mat der Begrënnung, datt hie schonn de subsidiäre Schutz a Griicheland hätt.

No iwwer véier Joer an der Asylprozedur an zwee Refuse kruten den Abas Sharef a seng Mamm Layla dunn Enn d’lescht Joer de sougenannte “Sursis à l’éloignement” accordéiert, erkläert säin Affekot Frank Wies.

„De Lëtzebuerger Staat gëtt him zwar keen Openthaltstitel a senger Mamm och net, well déi ass e bësse gefaange mat hirem Bouf hei zu Lëtzebuerg, mee schéckt hien och net zeréck an den Irak op Grond vu sengem Gesondheetszoustand.“

Gesondheetsrisiko muss reegelméisseg nogewise ginn

De Sursis à l’éloignement gëllt fir sechs Méint a kann op Demande fir weider sechs Méint verlängert ginn. Dat fir eng maximal Dauer vun zwee Joer. Also am Abas Sharef sengem Fall bis November 2025.

Den Abas Sharef muss reegelméisseg noweisen, datt ee reelle Gesondheetsrisiko besteet, wann hie Lëtzebuerg géing verloossen, an datt hien am Irak oder a Griicheland net déi néideg medezinesch Versuergung kritt.

„Mir mussen dem Ministère nei Rapporte schécken, falls et neier ginn, oder wann et eppes Neies gëtt iwwer mäi Gesondheetsstatus, éier d‘Pabeieren, déi mir kritt hunn, oflafen. An dat all sechs Méint wärend zwee Joer. Ech weess wierklech net wat geschitt, wann déi zwee Joer ëm sinn.“

Sursis à l‘éloignement keng Léisung

Wéi et duerno weidergeet, weess och säin Affekot fir den Ament nach net. Eng wierklech Léisung wier de Sursis à l’éloignement net, esou de Frank Wies.

„De Problem beim Sursis à l’éloignement ass eben éischtens: et ass keen Titre de séjour. An zweetens: en ass limitéiert per Gesetz. An engem Joer si mir also rëm bësse virun enger Mauer.

An da misste si hoffen, datt den Abas Sharef endlech een titre de séjour kritt.

Eng Léisung, déi eng Prise en charge garantéiert

Wéinst sengem Gesondheetszoustand bräicht den Abas Sharef iwwerdeems een Titre de séjour, deen him et erlaabt, weider Traitementer ze kréien, an eng Prise en charge ze hunn, erkläert de Frank Wies.

„An dat war de grousse Knackpunkt bei de Verhandlunge mam Staat. Well den Här, dee brauch Soinen, an de Här huet selwer keng Revenue fir déi kënnen ze finanzéieren. Dat heescht, mir brauchen och eng Léisung wou garantéiert ass, datt hien eng Prise en charge huet.“

Wéi den Abas Sharef erkläert, hätt sech säi Gesondheetszoustand op en Neits verschlechtert.

„Ech hu vill chirurgesch Agrëffer hannert mir an den nächste Mount muss ech an de Scanner. An den Dokter sot mir, ech misst Sprëtzen an déi lénks Schëller gemaach kréien.“

Traitementer, déi ee weder am Irak, nach a Griicheland kritt

Dat geet och aus de leschten Dokterrapporten ervir, déi dem 100,7 virleien. Do heescht et, datt déi Traitementer, déi den Abas Sharef krut, net duerginn.

Zanter zwee Méint muss hien elo dräimol d’Woch an de Rehazenter op de Kierchbierg. Déi Traitementer kréich hie weder am Irak, nach a Griicheland, seet den Abas Sharef. Datt säi Mandant kéint zeréck a Griicheland goen, hält säin Affekot mëttlerweil fir zimmlech onwarscheinlech.

„Well dobäi muss ee wëssen, datt mir, nodeems mir zweemol déi Décision d’irrecevabilité vum Staat annuléiert kritt hunn, an dunn dem Ministère gesot hunn: ‚Sou, lo muss Dir een Examen au fond maache vun där Demande‘, dunn huet de Lëtzebuerger Staat fir d’éischt mol verlaangt, datt mir op de Statut a Griicheland verzichten.“

Situatioun a Griicheland net verännert

Hie kéint sech och net virstellen, datt d‘Situatioun fir unerkannte Refugiéen a Griicheland an tëschent besser wier, esou de Frank Wies. Et hätt een deemno weider keng Garantie, datt den Abas Sharef do déi néideg medezinesch Versuergung géing kréien.

„Dat lescht Urteel vum Verwaltungsgeriicht, dat gesot huet: 'Nee, dir kënnt hien net zeréckschécken, well Dir net garantéiere kënnt, datt hien a Griicheland net géif zu Schued kommen', dat ass och nach net sou laang hier. Ech mengen, dat si lo dräi Joer hier. Also an deenen dräi Joer ass och elo net grondleeënd vill do ënne geschitt.“

D‘Hoffnung bleift

Déi Ongewëssheet ass fir den Abas Sharef och psychesch belaaschtend. D’Hoffnung, kënnen eng permanent Openthaltsgeneemegung zu Lëtzebuerg ze kréien, gëtt hien net op.

Aktuell hunn 43 Persounen zu Lëtzebuerg ee „Sursis à l’éloignement“. Dat huet den Inneministère op Nofro matgedeelt. Dem Abas Sharef säi Fall wollt de Ministère net kommentéieren, mat der Begrënnung, datt net iwwer eenzel Fäll géing kommunizéiert ginn.

Lauschterenplay_arrow

Aktualitéit
Politik a Gesellschaft