Radioen

On air

De barocke Moien  |  Frédéric Chopin - Walz a La Mineur, Op. posth. - Marek Mizera (Piano)

play_arrow Live
opus

/ Budgetskris an Däitschland: Sozial Mesurë kéinte gekierzt ginn

17 Milliarden Euro feelen

Budgetskris an Däitschland: Sozial Mesurë kéinte gekierzt ginn

D’Ampelregierung zu Berlin huet sech an eng Budgetskris manövréiert. 17 Milliarden Euro muss den däitsche Staat opdreiwen. Et kéint op Käschte vun deenen Äermste goen.

auto_stories

2 min

headphones

3 min

play_arrow
Foto: picture alliance/dpa | Michael Kappeler

An Däitschland gëtt nach ëmmer um Budgetsprojet fir d‘nächst Joer geschafft. Wéinst dem Milliarde-Lach, dat elo an der Suite vun engem Geriichtsurteel entstanen ass, musse sech SPD, FDP an Die Grünen bannent kuerzer Zäit op ee Budget eenegen.

Ronn 17 Milliarden Euro mussen SPD, FDP a Bündnis90/Die Grünen opdreiwen, fir d’Lach am Budget fir d’Joer 2024 opzefëllen. Wéinst enger Decisioun vum Karlsruher Verfassungsgeriicht ass d’Ampelregierung an d’Laberente geroden. Elo kéinte justement sozial Mesuren déi éischt Affer vun der däitscher Budgetskris ginn.

Ëmstriddenen si virun allem Kierzunge bei de Sozialdepensen. Observateuren no wieren d‘Gespréicher an enger decisiver Phas.

De Wirtschaftsminister Robert Habeck huet gëschter Owend seng geplangte Rees op Weltklimakonferenz zu Dubai missen ofsoen.

An der Sendung Anne Will huet den Habeck sech gëschter Owend optimistesch gewisen. Et wier awer net ze verhënneren, datt et „zu Zoumuddunge“ kéim kommen.

Den nächsten Debat iwwer den däitsche Budget steet Mëtt Dezember am Bundestag um Programm. 

Lauschterenplay_arrow


An Zesummenaarbecht mat Euranet Plus, dem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit.

Aktualitéit
Europa
International
Politik
Wirtschaft