Radioen

On air

Notturno  |  Elisabeth Jacquet de La Guerre - Sonat fir Trio an Do Mineur - The Bach Players

play_arrow Live
opus

/ De Succès vum Paiement Immédiat Direct hëlt zou

Gesondheetskeess

De Succès vum Paiement Immédiat Direct hëlt zou

Ee gutt Stéck iwwer 100 Dokteren, Zänndokteren a Spezialiste géifen an der Tëschenzäit de System vum Paiement immédiat direct (PID) notzen. Dat confirméiert de President vun der Gesondheetskeess. De System gëtt deemno och ëmmer méi beléift.

auto_stories

1 min

Foto: Archiv

Mam PID bezilt de Patient beim Dokter nëmmen nach säin Undeel un der Rechnung. Den Deel vun der CNS kritt den Dokter direkt iwwerwisen. Dem Christian Oberlé no ginn et hei am Land ronn 2.600 Generalisten, Zänndokteren a Spezialisten.

De System vum Paiement immédiat direct géif ëmmer méi beléift ginn, ass d’Aschätzung vum Christian Oberlé. Ëmmer méi Doktere géifen en ufroen.

„Dat kënnt warscheinlech och vum Feedback vun hire Confrèren, well en gros awer d’Dokteren alleguerten zefridde si mat dem System – déi déi e benotzen."

Dem Christian Oberlé no, géif d’CNS och ganz enk mat der Doktesch-Vereenegung AMMD zesumme schaffen, fir Doktere vun dësem System z’iwwerzeegen, déi d’accord mam Paiement immédiat direct wieren, awer gären all Dokumenter informatesch verdeelt hätten.

Aktualitéit
Gesondheet