Radioen

On air

Frëndlech Musek fir niewebäi  |  Joseph Haydn - Sinfonie Nr.18 a Sol Majeur, Hob. I:18, II. Allegro Molto - Heidelberger Sinfoniker, Johannes Klumpp (Dir.)

play_arrow Live
opus

/ Den CMCM Verwaltungsrot ass ofgesat

No der Generalversammlung

Den CMCM Verwaltungsrot ass ofgesat

Déi zwee Méint Sträit bei der CMCM sollte den Donneschdeg Owend op der ausseruerdentlecher Generalversammlung en Enn fannen. Et koum awer anescht, wéi vum ofgesate Verwaltungsrotspresident André Heinen a séngem Nofolger Gilbert Goergen geduecht.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

CMCM | © D-Company play_arrow

Dobäi haten déi sech virun där Assemblée générale extraordinaire am Bouneweger Casino gesinn an do d’Iddi, zu zwee d’Presidence ze maachen, bis déi normal Generalversammlung am Juni, an och bis dann ze waarden, fir Neiwalen duerchzeféieren.

D’Resultat, dat de Gilbert Goergen der Press no der ausseruerdentlecher Generalversammlung vun annerhallwer Stonn presentéiert huet, war awer en anert.

„Dat bedeit dann, datt mer elo en charge gesat gi sinn, also kommissaresch, fir da bis de Juni, bis déi ordinaire Assemblée générale, déi CMCM als Conseilsmemberen, ouni Presidenten, dann ze féieren.“

Bis dohi sollen och, nieft strukturellen Ännerungen am Directiounscomité, Statutenännerunge fir e bessere Fonctionnement virgeluegt ginn. Nei Statutten an Ännerungen um Organigramm fir eng besser Gouvernance huet den André Heinen dat genannt. De kommissaresche Verwaltungsrot kéint awer keng Decisioune méi huelen, mee just nach Propose fir d’Assemblée Générale maachen.

Elo sinn d'Mutuellë gefrot

D’Référésprozedur, mat där sech den André Heinen géint seng Ofsetzung als Verwaltungsrotspresident wiert, leeft iwwerdeems weider. En nächste Rendez-vous viru Geriicht ass do den 2. Mee. En vue vum Juni leien zwou Proposen um Dësch, sou den André Heinen.

„Déi eng soen, et wier besser, mir géifen déi Posten, mol haaptsächlech de President, direkt vun der AG wiele loossen. Déi aner soen: Nee, et ass gutt sou, wéi et ass. Do mussen einfach d’Käpp beienee gestach ginn, an da mussen d’Mutuellë sech doriwwer ausschwätzen.“

Deenen hir Vertrieder hu sech den Donneschdeg Owend, wéi de Sall bis d’Wuert hat, ënner anerem d’Fro gestallt, wéi ee wéilt zesummeschaffen, wou souvill Schierbelen do sinn. De Gilbert Goergen sot am Interview mat RTL, datt ee sech déi zwee lescht Méint hätt kënne spueren.

Lauschterenplay_arrow