Radioen

On air

Frëndlech Musek fir niewebäi  |  Tomaso Albinoni - Concerto a cinque Nr.2 an Do Majeur, Op.7, I. Allegro - Gheorghe Zamfir (Panflütt), English Chamber Orchestra, James Judd (Dir.)

play_arrow Live
opus

/ Den éischten Afroamerikaner a ville Saachen

Sequenza: Black Classical Music

Den éischten Afroamerikaner a ville Saachen

De William Grant Still war ee Pionéier a ville Beräicher vun der Musek.

auto_stories

1 min

headphones

8 min

De William Grant Still am Portrait vum Carl Van Vechten | © Foto: Wikimedia Commons play_arrow
William Grant Still

De William Grant Still ass ee vun den éischten Afroamerikaner a sou Villem an dat schonn an den 1930er Joren: deen éischten deem seng 1. Sinfonie vun engem vun de féierenden Orchester vun de Vereente Staate gespillt ginn ass. Hie selwer dirigéiert als éischten ee groussen Orchester an der Hollywood Bowl, seng Oper “Troubled Island” ass déi éischt déi vun engem bekannten Operenhaus opgeféiert gëtt an och als éischt landeswäit am Fernseh ausgestraalt gëtt. Schlussendlech ass hien och nach den éischten afroamerikaneschen Dirigent deen e groussen Orchester an de Südstaate leed. D’Maria Gutierrez erzielt eis vu senger Entwécklung.

Lauschterenplay_arrow