An awer muss si géint d'Konsequenze vun der Rassentrennung kämpfen. Si däerf an hirer Heemescht Arkansas als schwaarz Fra kee Geld verdéngen, hir kleng Duechter gëtt bäino vun engem Mob gelyncht. Si muss virun der toxescher Männlechkeet vun hirem Mann flüchten, deen si bal zu dout geschloen hätt. All déi Saachen, zousätzlech zur Aarmut an där si gelieft huet, hunn si hiert Liewe laang begleet. D'Maria Gutierrez ass der Meenung, déi Fra misst ee bewonneren.