Radioen

On air

Notturno  |  Elisabeth Jacquet de La Guerre - Sonat fir Trio an Do Mineur - The Bach Players

play_arrow Live
opus

/ Gréng Luucht fir Europaschoul zu Jonglënster an neit Lycéesgebei zu Bouneweg

Chamber

Gréng Luucht fir Europaschoul zu Jonglënster an neit Lycéesgebei zu Bouneweg

D’Chamber huet gëschter gréng Luucht gi fir de Bau vun enger Europaschoul zu Jonglënster. Och de Bau vun engem neie Gebai fir de Bouneweger Lycée krut gréng Luucht.

auto_stories

1 min

D‘Europaschoul zu Jonglënster wäert virun allem Schüler aus dem Fondamental empfänken. De Käschtepunkt läit bei 58,7 Milliounen Euro.

Gréng Luucht gouf et och fir en neit Lycéesgebai zu Bouneweg. Dat aktuellt Gebai ass net méi duergaangen, fir déi vill Schüler ze empfänken an iwwer Jore goufe provisoresch Strukturen installéiert.

Mam Provisorium soll elo Schluss sinn, dat zukünftegt Gebai kritt eng Kapazitéit fir 2.150 Schüler. De Käschtepunkt läit bei 303,3 Milliounen Euro.