Radioen

On air

Notturno  |  Wolfgang Amadeus Mozart - Sonat fir Piano Nr.3 a Si bémol Majeur, K281, III. Rondeau - Allegro - Jean Muller (Piano)

play_arrow Live
opus

/ Suitte vum Dieupart a Bach

Klassik Album vun der Woch

Suitte vum Dieupart a Bach

Den Ensembel Marsyas Baroque spillt Suitte vum Charles François Dieupart a vum Johann Sebastian Bach.

auto_stories

3 min

headphones

5 min

play_arrow

Den Ensembel Marsyas Baroque

Den Ensembel Marsyas Baroque, dat sinn d'Paula Pinn op der Blockflütt, d'Maria Carrasco Gil op der barocker Gei, d'Konstanze Waidosch um Barockcello, Violoncello piccolo an der Viola da gamba an d'Sarah Johnson Huidobro um Cembalo

En éischten Album mat Suitte vum Bach an Dieupart

De Charles Francois Dieupart, war e Komponist, Geiist an Cembalist deen zum Bach sengen Zäite gelieft huet an zimmlech erfollegräich war, awer an d’Vergiessenheet geroden ass. Den Ensembel Marsyas Baroque wëll mat sengem éischten Album dem manner bekannte Komponist rëm méi Opmierksamkeet ginn.

De Bach huet den Dieupart kopéiert

Ob si sech perséinlech kannt hunn, ass net gewosst. Mee de Bach huet dem Dieupart seng Musek kannt. Et gëtt souguer eng Ofschrëft vu senge 6 Suitten, déi de Bach selwer ofgeschriwwen huet, wat dorop hiweist datt de Bach sech mat de Suitten auserneegesat huet. An dat héiert een a sengen Englesche Suitten. Dobäi ass d’Änlechkeet wierklech net iwwerflächlech. De Bach benotzt zum Beispill musekalesch Motiver aus dem Dieupart senge Suitten a sengen Englesche Suitten

 

Lauschterenplay_arrow