*** Update: De Concert huet krankheetsbedéngt missen ofgesot ginn a gëtt en Dënschdeg, 4. Juni nogeholl ***
Virun e puer Deeg nach war déi brittesch Organistin d‘Anna Lapwood an den USA op Tournée. Op TickTock huet si Honnertdausende vu Follower a si spillt reegelméisseg an deene gréisste Concertssäll uechter Europa. Elo steet fir si zu Lëtzebuerg e Concert op der Affiche, op dee si sech ganz besonnesch freet: Muer spillt si nämlech op der Uergel zu Diddeleng an der Kierch.
Et ass en Instrument, dat si scho méi laang eng Kéier ausprobéiere wollt, wéi si dem Luc Boentges am Interview verréit.
Organiséiert gëtt dëse Concert vum FIMOD, dem Festival international d'orgue de Dudelange. Hei fannt Dir de Progamm.