Radioen

On air

Notturno  |  Elisabeth Jacquet de La Guerre - Sonat fir Trio an Do Mineur - The Bach Players

play_arrow Live
opus

/ No Brand zu Leideleng: Keng Asbestfaseren an de Schoule fonnt ginn

Leideleng

No Brand zu Leideleng: Keng Asbestfaseren an de Schoule fonnt ginn

Et goufe keng Asbestfaseren an de Leidelenger Schoulen „Faarwekëscht“ an „Al Schoul“ fonnt. Dat huet d‘Leidelenger Gemeng matgedeelt, nodeems e Sonnden Owend eng Scheier gebrannt huet an Asbest ënnert de Schuedstoff-Emissioune war.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

Leideleng Feier Scheier | © Sophie Schroeder play_arrow
Foto: Sophie Schroeder

Béid Schoulgebaier bleiwe weider op. Den Ament ginn nach weider Miessunge vum akkreditéierte Büro Luxcontrol gemaach.

Fir d‘Miessunge vun der Raumloft brauch een nämlech eng speziell Pompel, déi weder d’Police, nach d’ITM huet, erkläert de Leidelenger Buergermeeschter Lou Linster.

„Déi saugt Loft un an dat ass dann ee Messfühler, deen opgehaange gëtt op deem Gerät an dat leeft da wärend aacht Stonnen. An da geet dee Messfühler an hiren hausinterne Labo. An da gëtt deen do ausgewäert.“

Aktuell waart d’Leidelenger Gemeng op d’Resultater vu Miessungen déi iwwer d’Nuecht am Kultur- a Veräinshaus „an der Eech“ duerchgefouert gi sinn. Et géif een hoffen, datt d’Resultater bis an de fréien Owend do sinn, mee et bräicht och alles seng Zäit, betount de Lou Linster.

Ree wäscht d'Faseren aus der Loft

Weider Loftraum-Miessunge sinn an der Kierch an am Nopeschgebai vun der Brandplaz geplangt. Och an de Schoule ginn de Weekend nach weider Miessunge gemaach.

„Wat awer och ganz positiv ass, dat ass, datt et haut nach reene soll. Dee Reen dee wäert dofir suergen, datt déi Asbestfaseren eben aus der Loft erausgewäsch ginn an eben an d‘Kanalisatioun dann offléissen.“

Spezialiséiert Equipe wieren den Ament och amgaangen d‘Eternit-Réckstänn an de betraffene Géigenden opzerafen. De Leidelenger Buergermeeschter geet dovun aus, datt d‘Recommandatioun d‘Fënsteren an Dieren zouzeloossen, muer den Owend kann opgehuewe ginn. Iwwer d’Brandursaach konnt de Lou Linster näischt soen. D‘Enquête leeft nach.

Lauschterenplay_arrow

Aktualitéit