Iwwer zwee Deeg kënne Passionéierter vun der Neier Musek esou wéi Leit, déi einfach virwëlzeg sinn, mat op eng musekalesch Entdeckungsrees goen. D’Marie Trussart huet Lucilin bei enger Prouf besicht a mat der Jil Hamm (zoustänneg fir d’Kommunikatioun) an der Anne-Catherine Feltgen (Office & Projekt Manager) iwwer d’Konzept vum Festival geschwat. Ënner anerem hunn si verroden, wat Lucilin aus der leschter Editioun geléiert hunn a wéi eng Challenges op een duerkënnt, wann een dem Public Nei Musek wëll méi no bréngen. An si verroden natierlech och wat dee Numm 33,7 eigentlech bedeit.