Radioen

On air

Musikalesch Häpperecher  |  Robert Schumann - Nachtstücke, Op. 23, Nr.3 Mit grosser Lebhaftigkeit - Seung-Yeun Huh (Piano)

play_arrow Live
opus

/ Chrëschtlech Wäerter

Fräie Mikro

Chrëschtlech Wäerter

Ëmmer erëm gëtt vu "chrëschtleche Wäerter" geschwat an dobäi automatesch an onreflektéiert ugeholl, dat wier eppes inherent Guddes. Nächsteléift, Barmhäerzegkeet, Verzéien: Dat kléngt alles positiv. Mee et géif sech lounen, méi genee hinzekucken an dee Begrëff kritesch ze hannerfroen, fënnt de Bob Reuter, President vun AHA Lëtzebuerg, am Fräie Mikro.

auto_stories

3 min

headphones

3 min

play_arrow
De Bob Reuter ass President vun AHA Lëtzebuerg.

Éischtens

... sinn déi meescht “chrëschtlech Wäerter” kengesfalls exklusiv chrëschtlech. D’Nächsteléift, déi esou gär ervirgehuewe gëtt, ass een universellt Ideal, dat sech a ville Kulturen an Traditioune fënnt. Am anticke Griicheland, am Buddhismus, oder am Humanismus. Dat selwecht gëllt fir vill aner “chrëschtlech Wäerter”.

Zweetens

Et geet beim sech op “chrëschtlech Wäerter” beruffen dacks ëm "cherry picking". An der Bibel fënnt een net nëmmen inspiréierend Botschaften, mee och problematesch Passagen: Gewaltopruff, d'Ënneruerdnung vun der Fra, Intoleranz géintiwwer Mënschen, déi anescht denken. Dës Widderspréch gi gär ignoréiert an amplaz gëtt e verschéinert Bild gezeechent.

Drëttens

Dee fundamentaalsten a spezifeschste “chrëschtleche Wäert” kann een duerchaus als iwwergrëffeg ugesinn. Wien d'biblesch Léier eescht hëlt erkennt séier, datt d'Chrëschtentum een ëmfaassende Gehorsam géintiwwer dem Wëlle vu Gott fuerdert. Ee Wëllen, deen oft duerch kierchlech Autoritéiten zu hirem Virdeel interpretéiert gouf a gëtt. Dobäi kënnt d'Virstellung, datt et ausserhalb vum Glawen u Jesus keng Erléisung gëtt. Ech weess net, wat dorunner flott a sympathesch soll sinn.

Véiertens

Wie seng Ethik op eng vermeintlech gëttlech Offenbarung baséiert, mécht sech et einfach, mee ënnerläit enger Illusioun. Mir entzéien eis domat der Verantwortung, eis selwer mat moralesche Froen auserneenzesetzen, a maachen domadder d'Diere grouss op fir Manipulatioun. Mir loossen anerer fir eis denken, dacks déi, déi Muecht ausüben. Mee eng zäitgeméiss Ethik verlaangt méi: Mir musse selwer denken. Dat ass net ëmmer bequeem, mee et ass noutwendeg. Nëmmen esou entwéckele mir eng Ethik, déi op Vernonft, Empathie an der Unerkennung vun der Mënschewürd baséiert.

Fënneftens

D'Praxis vun de Kierche weist, datt “chrëschtlech Wäerter” dacks net de Pabeier wäert sinn, op deem se stinn. Wärend Barmhäerzegkeet gepriedegt gëtt, ginn an der Realitéit dacks Ausgrenzung, Ënnerdréckung a Gewalt praktizéiert.

Sechstens

De Begrëff "chrëschtlech Wäerter" déngt letztendlech dacks als Muechtinstrument, fir bestëmmte moralesch Virstellungen duerchzesetzen an anerer ofzewäerten. Mee firwat solle mir eis un enger Traditioun orientéieren, déi net deene Wäerter entsprécht, déi mir fir eis fir gutt a schéin halen?

Et ass also Zäit, fir den Ausdrock “chrëschtlech Wäerter” kritesch ze hannerfroen an eis aktiv mat der Fro ze beschäftegen, no wéi enge Wäerter mir eist Liewen ausriichte wëllen.

Lauschterenplay_arrow