Radioen

On air

Musikalesch Häpperecher  |  Pietro Locatelli - Concerto fir Gei Nr.9 a Sol Majeur, Op. 3, aus "L'Arte del violino", III. Alleg - Ilya Gringolts (Gei/Dir.), Finnish Baroque Orchestra

play_arrow Live
opus

/ D‘Telefonsgespréich tëschent Olaf Scholz a Wladimir Putin stéisst op schaarf Kritik

Russesche Krich an der Ukrain

D‘Telefonsgespréich tëschent Olaf Scholz a Wladimir Putin stéisst op schaarf Kritik

D‘Telefonsgespréich vun e Freideg tëschent dem däitsche Kanzler Olaf Scholz an dem russesche President Wladimir Putin, stéisst op schaarf Kritik beim ukrainesche President Selenskyj. Andeems de Scholz déi international Isolatioun vum Putin ennergruewen hätt, wier d‘Pandorabechs opgemaach ginn, kritiséiert de Selenskyj. 

auto_stories

1 min

Olaf Scholz | © picture alliance/dpa | Kay Nietfeld
Foto: picture alliance/dpa | Kay Nietfeld

Den däitsche Kanzler hat de russesche President gëschter iwwer Telefon opgefuerdert seng Truppen aus der Ukraine zereckzezéien a mat Kiev ze negociéieren. De Vladimir Putin sot datt all Accord déi „eruewert“ Territoirë misst consideréieren. Et war dat éischt Telefonat tëschent dem Olaf Scholz an dem Vladimir Putin zënter 2 Joer. D‘Gespréich hätt eng Stonn gedauert esou däitsch Medien. Virdrun hätt den Olaf Scholz mam Ukrainesche President Selensky geschwat. 

Muer, Sonnden, trëfft den däitsche Kanzler op de chineesesche President Xi Jinping. Dat um Bord vum G20 Sommet am brasilianesche Rio de Janeiro, wou de Krich an der Ukrain och Thema wäert sinn.