“Le Salon de Helen Buchholtz” huet 2024 seng zweet Editioun gefeiert, nom Succès vun der éischter am Joer 2022 am Kader vun Esch2022. Nieft ville Workshops goufen iwwert bal ee Mount laang och eng Rëtsch Concerten ugebueden. De 24. November 2024 ass d’Pianistin Béatrice Rauchs opgetrueden, mat Wierker vun dräi Lëtzebuerger Komponistinne, nieft Musek vun der Clara a vum Robert Schumann a vum Johannes Brahms.
Nolauschtere kënnt dir dëse Concert an der Mediathéik vum opus nach bis de 4. Mäerz 2025.
Programm:
- Robert Schumann (1810 – 1856): Kinderszenen op. 15
- Tatsiana Zelianko (* 1980): Préludes pour piano 2ème recueil (2020) - Expectancy -
Impatience - Nostalgia
- Helen Buchholtz (1877 – 1953): 2 Menuets
- Nigji Sanges (* 1984): Malambo (2019)
- Clara Schumann (1819 – 1896): Drei Romanzen op. 21
- Johannes Brahms (1833 – 1897): Fantasien op. 115
Interpreten:
- Béatrice Rauchs, Piano