Radioen

On air

De gemittleche Moien  |  Johann Gottlieb Graun - Concerto fir Gei an Do Mineur, GraunWV Av:XII:18, II. Adagio - Zefira Valova (Gei/Dir.), Il Pomo d'Oro

play_arrow Live
arrow_back_ios

digital-library

digital-library

/ Verkannte Bijouen

Schubertiade vu Vilabertran

Verkannte Bijouen

Dem Franz Schubert seng éischt Wierker fir Gei a Piano goufen zu senge Liefzäiten net eescht geholl. Datt se trotzdeem derwäert sinn, gelauschtert ze sinn, dovu kann ee sech bei dësem Live-Matschnëtt vum katalanesche Radio selwer iwwerzeegen.

auto_stories

2 min

headphones

121 min

María Florea  | © David Ruano play_arrow
María Florea ©David Ruano

Déi fréi Wierker fir Gei a Piano vum Franz Schubert sinn nach vu senge Proffe beaflosst a weisen de Versuch sech um Wiener Marché géint d'Klassiker Mozart a Beethoven ze behaapten. An och wa se well eng ganz Rëtsch Qualitéite vum spéidere Schubert hunn, goufe seng éischt Geiesonaten zu Liefzäiten net publizéiert. Réischt no sengem Doud si se ënner dem Titel "Sonatinen" verëffentlecht ginn. Ganz am Kontrast dozou, sti seng spéit Wierker, mat engem méi viruos-experimentelle Charakter.

Dës musikalesch Entwécklung beschreiwen d'Geiisten Maria Florea an Abel Tomas zesumme mat de Pianisten Alex Ramirez an Emma Stratton an engem Live-Matschnëtt, deen de katalanesche Radio am Klouschter Vilabertran opgeholl huet. Lauschtere kënnt dir dëse Concert nach bis de 05. Mäerz 2025 an der Mediathéik vum opus 100,7.

Lauschterenplay_arrow

Programm:

Franz Schubert (1797-1828):

  • Geiesonat a Re Majeur, D.384
  • Geiesonat a sol mineur, D.408
  • Geiesonat a La Majeur, D.574 ("Grand Duo")
  • Geiesonat a la mineur, D. 385
  • Rondo a si mineur, D. 895 ("Rondo brillant")
  • Fantasie an Do Majeur, D. 934 fir Gei a Piano

Interpreten:

  • Maria Florea, Gei
  • Alex Ramirez, Piano
  • Abel Tomas, Gei
  • Emma Stratton, Piano