Radioen

On air

Notturno  |  César Franck - Sinfonesch Variatiounen fir Piano an Orchester, XI. Allegro non troppo - Denis Kozhukhin (Piano), Philharmoneschen Orchester Lëtzebuerg, Gustavo Gimeno (Dir.)

play_arrow Live
arrow_back_ios

digital-library

digital-library

/ Christoph König dirigéiert RTVE

Manfred-Sinfonie

Christoph König dirigéiert RTVE

Russesch Romantik, déi an de Concertssäll zu senger Zäit fir vill Begeeschterung gesuergt huet.

auto_stories

1 min

headphones

125 min

play_arrow
Pianist Josu de Solaun (Foto: Andrei Gindac)

Lauschterenplay_arrow

Den éischte Pianoconcert vum Tschaikowski, mam spuenesche Pianist Josu de Solaun, an dem Tschaikowski senger "Manfred-Sinfonie". Musek inspiréiert vu Geeschter a grujelegen Naturlandschaften an enger Gedicht-Virlag vum Lord Byron. An ee Wierk, dat fir grouss Ouerewuerm-Qualitéite suergt.

Zu Liefzäiten huet een dës Meenung awer net onbedéngt gedeelt. Den Nikolaj Rubinstein huet et "aarmséileg" fonnt, fir de Stardirigent Hans von Bülow war et "ëmwerfend vollend".

Ee Concert aus dem Teatro monumental vu Madrid vum RTVE Sinfonieorchester.

Um Pult vum Sinfonieorchester vum spuenesche Rundfunk steet de Christoph König, Chefdirigent vun de Solistes Européens, Luxembourg.

Programm:

Pjotr Iljitsch Tschaikowski (1840-1893)

  • Manfred-Sinfonie op.58
  • Klavierkonzert Nr.1 b-moll op.23

Interpreten:

  • Josu de Solaun, Piano
  • RTVE Sinfonieorchester
  • Christoph König, Dirigent