Radioen

On air

Frëndlech Musek fir niewebäi  |  Franz Xaver Richter - Sträichquartett an Do Majeur, Op. 51, IIII. Presto - Martinu Quartet

play_arrow Live
arrow_back_ios

digital-library

digital-library

/ Fokus op d'Sinfonie

Fir nozelauschteren

Fokus op d'Sinfonie

De Rundfunk-Sinfonieorchester Berlin interpretéiert zwee besonnesch Wierker vum Haydn a Mahler.

auto_stories

1 min

headphones

124 min

Ádám Fischer | © Nikolaj Lund play_arrow
Ádám Fischer ©Nikolaj Lund

De 9. November 2024 stoungen am Konzerthaus zu Berlin zwou grouss Sinfonien am Mëttelpunkt vum Programm. No dem Joseph Haydn senger 49. Sinfonie, déi a Fa mineur steet an eng ganz aner Säit vum Éisträicher Komponist opweist, war et dem Gustav Mahler seng 5. Sinfonie, déi grad esou fir en neie Wee an deem senger kompositorescher Aarbecht gëllt. Firwat genee grad dës zwee Wierker am Liewe vun deenen zwee Komponisten esou erausstieche verréit iech de Jeremy Ney, deen duerch dëse Programm féiert.

Programm:

  • Joseph Haydn (1732-1809): Sinfonie Nr. 49 a Fa mineur (“La passione”), Hob. I:49
  • Gustav Mahler (1860-1911): Sinfonie Nr. 5 an Do dièse mineur

Interpreten:

  • Rundfunk-Sinfonieorchester Berlin
  • Ádám Fischer, Direktioun

Lauschterenplay_arrow

Dëse Concert kënnt dir bis de 5. Februar 2025 zu all Moment an der Mediathéik vum opus 100,7 nolauschteren.