Offiziell Visitt

Formellen Emfang vum portugisesche President Seguro a senger Fra virum Palais

No enger Entrevue gëschter mat Portugiseschen a Lëtzebuerger Entrepreneuren, war haut de Mueren deen offiziellen Optakt vun der Visite vum portugisesche President Antonio José Seguro a senger Fra Margarida virum Palais.

auto_stories

2 min

© Carole Schimmer
(Foto: Carole Schimmer)

Empfaange goufen se vun der groussherzoglecher Koppel a vum Premier, der Stater Buergermeeschtesch Lydie Polfer a Vertrieder vu Chamber an aneren Institutiounen. 

De Wilhelmus, déi portugisesch Nationalhymn, an d'Heemescht gespillt vun der Militärmusek. E rouden Teppech um Krautmaart, de Grand-Duc Guillaume an de President António José Seguro hunn d'Zaldote Revue passéiert.

Eischt Rees am Kontext vum portugiseschen Nationalfeierdag

Och wa virum Palais alles ofgeschwat war, esou gouf et an der Rue de la Reine awer d'Méiglechkeet dem President António José Seguro ze wénken. Et ware méi Touristen aus aller Welt do ewéi Portugisen, wisou eigentlech?

Eng Fro un déi portugisesch Journalistin Sousy Martins.

"Gëschter hat ee jo schonn mat Chefs d'entreprises e Rendez-vous an do waren der vill do, vill Harmonie. Muer ass et praktesch voll. Dat heescht, entweeder komme se méi muer, well dann Musek derbäi ass, méi Folklore, an haut dann ebe manner." 

Deen Här, dee scho bal zwanzeg Joer zu Lëtzebuerg lieft, mengt, datt vill Leit enttäuscht si vun der Politik. 

"Ben, je pense que nous allons avoir un peu d'espérance, parce que je pense qu'il y a quelqu'un qui va faire quelque chose pour nous, et en a besoin, parce que la vie, elle passe vite, et en a besoin de quelqu'un qui faire quelque chose pour nous, pour nous aider."

Et ass dem President Antonio José Seguro seng éischte Rees, déi hien am Kontext vum portugiseschen Nationalfeierdag mécht. Dat wier eng grouss Éier fir d'Communautéit hei zu Lëtzebuerg, betount déi portugisesch Journalistin Rosario Salguero.

"Il a choisi le Luxembourg pour fêter le jour national qui sera le 10 juin, mais comme il doit être au Portugal le 10 juin, donc il est venu avant au Luxembourg. Et pourquoi le Luxembourg c'est, vous savez, il y a une grosse communauté ici."

De ganze Weekend wärend der offizieller Visitt vum portugisesche President ginn et nach Geleeënheeten hien ze gesinn, ewéi zum Beispill zu Diddeleng den Owend, mee awer och muer an der Philharmonie.

© Carole Schimmer
(Foto: Carole Schimmer)