Radioen

On air

Musikalesch Häpperecher  |  Wolfgang Amadeus Mozart - Concerto fir Gei Nr.3 a Sol Majeur, K. 216, II. Adagio - Sebastian Bohren (Gei), CHAARTS Chamber Artists, Gábor Takács-Nagy (Dir.)

play_arrow Live
opus

/ Frankräich: Wien iwwerhëlt d'Nofolleg vum Michel Barnier?

Nei Regierung

Frankräich: Wien iwwerhëlt d'Nofolleg vum Michel Barnier?

Nach haut kéint a Frankräich d'Nofolleg vum Premier Michel Barnier annoncéiert ginn. Keng Partei an der franséischer Regierung huet eng Majoritéit, deemno bleift d'politesch Situatioun a Frankräich komplizéiert. Eng Rei Nimm fir de Posten zirkuléiere schonn.

auto_stories

2 min

headphones

5 min

play_arrow

De Favorit schéngt de Chef vum zentristesche MoDem, de François Bayrou ze sinn. Eng Zort Kompromësskandidat an enke Vertraute vum Macron. Fir den Olivier Faure, Chef vun de Sozialisten, wier dat awer keng Optioun. Fir hie géif de Bayrou déi aktuell Regierungspolitik representéieren, mat där een eigentlech brieche misst.

Aner Nimm wieren de sozialisteschen Ex-Premier Bernard Cazeneuve an den Interims-Arméiminister Sébastien Lecornu.

Wien d'Nofolleg gëtt ass eng Saach. Déi Persoun muss deen Ament och handlungsfäeg sinn. Eng grouss Koalitioun ass onrealistesch. An der Entrevue en Dënschdeg gouf dofir awer iwwer een Accord de non-censure diskutéiert. D'Sozialisten, d'Ekologisten an déi Konservativ wiere bereet fir esou eng Léisung.

Enn vum Nouveau Front Populaire?

Wann d'Sozialisten esou een Accord matdroen, géif dat d'Enn vun der lénker Allianz, dem Nouveau Front Populaire bedeiten. La France Insoumise geheit de Sozialiste vir sech vum Macron instrumentaliséieren ze loossen. LFI géif noutfalls awer den Nouveau Front Populaire eleng weiderféieren. 

Mat der Annonce, wien elo d'Nofolleg vum Michel Barnier iwwerhëlt, ass eréischt méi spéit haut um Donneschdeg ze rechnen. Dat well den Emmanuel Macron a Polen op Aarbechtsvisitt ass.

Lauschterenplay_arrow