Radioen

On air

Notturno  |  Felix Mendelssohn Bartholdy - Sträichquartett Nr.1 a Ré Majeur, Op. 44 - Mandelring Quartett

play_arrow Live
opus

/ Russland dreet mat grave Konsequenze falls US-Laangstreckerakéiten zum Asaz kommen

No der Annonce vun Joe Biden

Russland dreet mat grave Konsequenze falls US-Laangstreckerakéiten zum Asaz kommen

Russland warnt virun enger staarker Reaktioun, wann amerikanesche ballistesch Rakéite géint russeschen Territoire agesat géife ginn. Esou eng Attack op russeschem Gebitt géif eng direkt Bedeelegung vun den USA un de Feindlechkeete géint Russland bedeiten, esou de russeschen Ausseministère.

auto_stories

1 min

Kreml | © Flickr
Foto: Flickr

Den US-President Joe Biden huet de Gebrauch vun amerikanesch Rakéite géint Ziler op russeschem Territoire autoriséiert. Dës gréisser Ännerung an den USA hirer Ukrain-Politik huet den Joe Biden zwee Méint virum Enn vun enger Amtszäit annoncéiert. Et ass net kloer, ob säi Successeur, den designéierte President Donald Trump, consultéiert gouf an ob hie bei där Decisioun bleiwe wäert.

Den Donald Trump huet versprach, de Russland-Ukrain-Krich op en Enn ze bréngen.

1.000 Krich an der Ukrain

D‘Ukrain markéiert haut Dausend Deeg zënter der russescher Invasioun. De 24. Februar 2022 hat Russland d‘Ukrain ugegraff. Den UN Héije Kommissariat fir Mënscherechter geet dervun aus, datt bis Enn September dëst Joer op d‘mannst 12.000 Zivilisten an der Ukrain ëm d‘Liewe koumen. Déi reell Zuel vun Affer wier warscheinlech méi héich.

Vill Mënsche sinn aus der Ukrain geflücht. D‘EU-Länner registréiere 6,2 Millioune Flüchtlingen aus der Ukrain.

Och op russescher Säit gëtt et vill Affer. Genee Zuele ginn et net, mee westleche Schätzungen no wiere bis elo méi wéi 115.000 russesch Zaldoten am Krich gefall.