Krich an der Ukrain

Ukrainesch Ugrëff op Pëtrolsreseau treffe Russland haart

Déi permanent ukrainesch Attacken op de russesche Pëtrolsreseau féieren zu Engpäss bei der Versuergung. Dat huet de russeschen Energieministère zouginn. Et géifen deemno temporär Schwieregkeete fir eng Rei vu südleche Regioune mat Bensinn an Diesel ze versuerge ginn, esou den offizielle Communiqué.

auto_stories

1 min

© picture alliance / SvenSimon-ThePresidentialOfficeU | Presidential Office of Ukraine
(Foto: picture alliance / SvenSimon-ThePresidentialOfficeU | Presidential Office of Ukraine)

Op der occupéierter Schwaarzmierinsel Krim an an der annektéierter Ostukrain huet de Bensinn misse rationéiert ginn. Kiew setzt zënter Jore systematesch op Attacke géint déi russesch Pëtrolsinfratsruktur. 

Nees Doudeger bei russeschen Attacken

Bei enger russescher Attack op déi ostukrainesch Stat Charkiv koumen hënt iwwerdeems véier Persounen ëm d‘Liewen.