
arrow_back_ios
opus
opus
/ CD-Klassik
Episoden


Grousse Kino mam Danny Elfman
Wat hu "The Simpsons", "Batman" an "Desperate Housewives" gemeinsam? D'Musek vun deene Film- a Fernsehproduktioune goufen all vum Komponist Danny Elfman geschriwwen.

Beethoven kann och liicht kléngen
Eng gutt ofgestëmmten an ausgeglachen Interpretatioun vum drëtten a véierte Pianosconcerto vum Beethoven

Eng iwwerraschend Zesummestellung
Neien Album vum Prague Radio Symphony Orchestra zesumme mam Cembalist Mahan Esfahani

Klassik meets Pop mam Chronatic Quartet
De Berliner Chronatic Quartet revisitéiert dem Camille Saint-Saëns säi "Carnaval des Animaux" a vermëscht e geschéckt mat Pop, Rock an Jazz.

Wann den Orchester danzt
De Barockorchester Capriccio mat Ouverturen an Airë vum Händel

Ange terrible
Neien Album vun der Geiistin Anastasiya Petryshak an dem Pianist Lorenzo Meo

En talentéierte Geschichtenerzieler
De Gabriele Leporatti interpretéiert zwielef Sonate vum Domenico Scarlatti.

Start vun enger Intégrale
De WDR-Sinfonieorchester ënner dem Lukas Borowicz mat Wierker vun der Grażyna Bacewicz

Am Schiet vu Mozart an Haydn
Disk Nr. 5 vun der Paul-Wranitzky-Rei

Eng Rees duerch d'Museksgeschicht
De Pianist Gajusz Kęska spillt Pianossonate vum Andrzej Nikodemowicz.

Eng harmonesch Programmatioun
Deutsche Radio Philharmonie mat Wierker vum Dmitri Shostakovich

Vum Cello ofgekuckt
De Braatschist Timothy Ridout spillt Wierker vun Elgar a Bloch.

Romantik aus dem Ufank vum 20. Joerhonnert
De Glière Quartet mat de Quartetter Nr. 1 + 2 vum Reinhold Glière

Dem Bach seng Kinnigin emol anescht
De Bach huet vill fir d'Uergel, d'Kinnigin vun den Instrumenter, komponéiert. Aacht esou Wierker spillt Holland Baroque an eegenen Arrangementer.

Dvorak aus der Schwäiz
D'Philharmonia Zürich interpretéiert d'Symphonien Nr. 7 an Nr. 8.

The Return
Den Debut-Album vum Trio 258

Eng Invitatioun fir ze danzen
De Jun Märkl dirigéiert de Residentie Orkest The Hague mat Dänz a Ballete vum Camille Saint-Saëns.

Ewech vum Virtuosecliché
De Martin Cousin spillt Preluden an Etudë vum Anton Rubinstein.
