Klassik Aktuell
All zesummen
8 min
D'Fondation EME (Entendre pour mieux s'écouter) organiséiert reegelméisseg Concerte mat a fir Leit, déi aus deene verschiddenste Grënn net Deel um gesellschaftleche Liewe kënnen huelen. Fir de 15. Jubiläum ze feieren huet d’Fondatioun elo e grousse Familljeconcert op der Kinnekswiss organiséiert, deen de Samschdeg (06.07.) de Moien um 11 Auer stattfënnt. Et ass e Concert fir d’Inklusioun, op deem all Mënsch ka matmaachen, och d’Leit am Public. Wéi eng Musek a wéi eng Lidder een eraussicht, fir méiglechst all Mënsch kënnen ze integréieren, ënner anerem dat huet d’Coordinatrice Sarah Bergdoll dem Christophe Mirkes am Interview verroden. Fest steet op jidde Fall elo schonn, et ass dee gréisste Projet, deen d’Fondation EME bis ewell organiséiert huet.
Presentéiert vum
- Christophe Mirkes
Episoden
"Sie ging ja nur vorbei"
Eng Concertsserie, déi d'Liewensgeschichte vu bekannte Komponistinne beliicht a sech beim nächste Concert op d'Dora Pejačević fokusséiert.
Advent mam Bruckner
D'Maîtrise séngt hiren traditionelle Concert "Au Seuil de l'Avent" mat engem Programm, deen zu 100 Prozent aus Bruckner besteet. Dëst Joer awer net wéi gewinnt mam OCL, mee mam Estro Armonico.
Rainy Days 2024
Bei de Rainy Days dréit sech 2024 alles ëm d'Extremer.
Rainy Days 2024
Bei de Rainy Days dréit sech 2024 alles ëm d'Extreemer.
Prix Anne et Françoise Groben
Haut den Owend ass den 100,7 live dobäi, wa fënneft jonk Kandidate géinteneen untrieden. Den Haaptpräis sinn 10.000 €.
Filmmusek tëschent Bach an Techno
Fir de Francesco Tristano stellt d'Musek d’Géigewaart a Fro, andeems se sech op d’Vergaangenheet bezitt. Genee dat beweist hien am Ciné-Concert, bei deem hie mam Hayato Sumino Musek zum Stommfilm “Asphalt” spillt.
"Virun allem fillen ech staark Léift"
De Johan Perdigão spillt dem Robert Schumann säi Concerto fir Piano

Homogeen oder dach léiwer individuell?
Rieds ass vum Klang vum Bléiserquintett, enger Formatioun, bei där d'Kontraster tëschent den eenzelnen Instrumenter méi grouss bal net kéinte sinn.
No um Publikum
De Sänger Benedikt Wesner wëllt de Publikum mat a seng Musek zéien, esou, wéi wann e géif e Film erliewen.
40. Concours luxembourgeois pour Jeunes Solistes
Eng grouss Editioun mat 148 Kandidat:innen - D'Micky Thein, d'Direktesch vun der UGDA Musekschoul, verréit méi.
Rising Stars
Dee jonke Braatschist Sao Soulez Larivière spillt am Kader vun der Serie Rising Stars 17 Concerte queesch duerch Europa. Dorënner och een zu Lëtzebuerg an der Philharmonie.
"Ein Abend mit Dracula"
Halloween-Concert vun der Kammerata Luxembourg am Veianer Schlass
Die Sehnsucht nach dem Süden
De Wanter kënnt esou lues. Mee d'Solistes Européens, Luxembourg an d'Pepino Caliente Band hunn e sonnege Programm virbereet, voller Sonn a Freed.
Die Sehnsucht nach dem Süden
De Wanter kënnt esou lues. Mee d'Solistes Européens, Luxembourg an d'Pepino Caliente Band hunn e sonnege Programm virbereet, voller Sonn a Freed.
Fauré: méi a manner bekannt
De Requiem vum franséische Spéitromantiker ass ville geleefeg, mee net onbedéngt seng Motetten. Den Dirigent Gerry Welter weist méi Facettë vum Gabriel Fauré.
Zweet Editioun vum Salon de Helen Buchholtz
No der éischter Editioun am Kader vun der Kulturhaaptstad Esch2022, lancéiert de Salon de Helen Buchholtz seng zweet Concertserie.
Klassik Live: A Roman Holiday
D'Lëtzebuerger Philharmoniker spillen ënner der Baguette vum Gustavo Gimeno. Um Programm: Wierker vum Respighi, Poulenc an eng Uropféierung vum Lëtzebuerger Komponist Claude Lenners.
Live aus der Philharmonie
Mir iwwerdroe live de Concert vun de Lëtzebuerger Philharmoniker an der Philharmonie
Mezzo-Sopranistin Naama Liany
Am Gespréich iwwert hir musikalesch Karriär an ee Concert dëse Freideg an der Stad.
