1. Am Alter vu 87 Joer ass dee fréiere Gewerkschaftler a Politiker Marcel Glesener gestuerwen, wéi RTL am spéide Moie gemellt huet. Vun 1980 bis 1996 war de Marcel Glesener President vum LCGB a vun 1989 bis 2009 Deputéierte fir d’CSV
2. En zolitte Stuerm, mat Reen a staarkem Wand, huet an de leschten Deeg verschidden Deeler vu Portugal getraff. Et gouf Verwonnter a Repercussiounen op den Transport, mee och Erliichterung virum Hannergrond vun der Dréchent am Land
3. D’Fussball-Nationalekipp vun den Häre setzt sech an engem Testmatch iwwerraschend géint Schweden duerch, an den Australier Oscar Piastri gewënnt de Grousse Präis vu China an der Formel 1: Dat sinn Iwwerschrëften am Sport