Radioen

On air

Frëndlech Musek fir niewebäi  |  Elfrida Andrée - Pianosquartett a La Mineur, III. Finale: Allegro - Trio Nordica

play_arrow Live
arrow_back_ios

Resonanzen

Resonanzen

headphones

60 min

Lauschteren play_arrow
on the headlines

1. Podcast: Hanner den Téin
De Pit Brosius invitéiert Lëtzebuerger Komponisten a Museker, kuckt mat hinnen zesummen iwwer Partituren a féiert perséinlech Gespréicher iwwer Inspiratioun, Faszinatioun fir Nei Musek, a villes méi. Am éischten Episod trefft de Pit Brosius de Komponist Camille Kerger.
2. Sujet “Stëll Schnéinuecht”
"Et ass eng Häerzmassage" - esou beschreift d'Josée Bourg d'Wierk, dat si zesumme mam Akkordeonist Frin Wolter haut de Mëtteg (01.12.) am Mierscher Theater presentéiert.
Béid hunn éischter zoufälleg zesummefonnt a kuerzerhand ee Programm mat eegenen Arrangementer op d'Bee gestallt.
Am Gespréich mam Lex Kauffmann schwätze si doriwwer, wéi Ravel a Bach op Chrëschtdag passen. A wéi ee gesellschaftskritesch Theemen un ee jonke Public an u Kanner bréngt.
3. Sujet Hommage à la Danse
D'Kompositioun “Imbalance” vum 24 Joer jonke Komponist Félix Turrion Eichler gouf nach net viru Public gespillt. Dat ännert sech elo mat engem Concert vun de Solistes Européens, Luxembourg mam Dirigent Christophe König an der Dänzerin Sylvia Camarda. Bei engem Concert gëtt dëst Wierk nämlech uropgeféiert. D'Kompositioun ass an Zesummenaarbecht mam Kulturministère entstanen.
Léiert dee jonken Oboist a Komponist Félix Turrion Eichler am Gespréich mam Lex Kauffmann kennen. Hie verréit, wat hanner senger Kompositioun stécht, woufir seng Passioun brennt a wéi eng Hobbyen dee jonke Museker nieft der Musek huet.
4. Klassik-Album vun der Woch: “Pure” vu Louie's Cage Percussion
Et ass e klanglecht, kompositorescht a vun der Besetzung hier en Experiment. En Ausfluch fir d'Oueren an déi verschiddenst Stiler a Klangfaarwen. Entdeckt dësen aussergewéinlechen Disk, zesumme mam Lex Kauffmann a mam Christophe Mirkes.
5. Giacomo Puccini
Firwat lauschtere mir haut eng Arie aus der Oper “Tosca”? Den 29. November, also de Freideg, sinn et op den Dag 100 Joer hier, datt den Giacomo Puccini gestuerwen ass. Fir un den italieenesche Spéitromantiker ze erënneren, huet den opus 100,7 déi ganz Oper “Tosca” prett a senger Mediathéik. De Joachim Fontaine féiert mat Explikatiounen tëschent den Akten duerch de Live-Matschnëtt aus der Bayrescher Staatsoper.

mic_none

Presentéiert vum

Episoden

E Gebuertsdag an eng grouss Neiegkeet

E Gebuertsdag an eng grouss Neiegkeet

D'Marie Schockmel begleet duerch Resonanzen.
headphones

60 min

play_arrow
Klassesche Start mat Resonanzen an d'Joer 2025

Klassesche Start mat Resonanzen an d'Joer 2025

Den Neijoerschconcert mat de Lëtzebuerger Philharmoniker live um 100,7/ Lëtzebuerger Produktiounen aus 2024 / Hanner den Téin - Episod 2 mat der Cathy Krier / RMVA 2025, d'Rencontres Musicales de la Vallée de l'Alzette
headphones

60 min

play_arrow
Lëtzebuerger Alben am Réckbléck

Lëtzebuerger Alben am Réckbléck

An der leschter Emissioun vum Joer presentéiert d'Klassikredaktioun hir Coup-de-Coeuren aus 14 verschidde Lëtzebuerger Disken.
headphones

60 min

play_arrow
Chrëschtdags-Stëmmung, nei Produktiounen an ee Lëtzebuerger Uergelbauer zu Paräis

Chrëschtdags-Stëmmung, nei Produktiounen an ee Lëtzebuerger Uergelbauer zu Paräis

Resonanzen mam Lex Kauffmann
headphones

60 min

play_arrow
Noël en lumière 2.0, Chrëschtprogramm um opus an eise Klassik-Album vun der Woch

Noël en lumière 2.0, Chrëschtprogramm um opus an eise Klassik-Album vun der Woch

D'Marie Schockmel féiert Iech duerch d'Aktualitéit aus der Klassik a bréngt Iech schonn a Chrëschtdagsstëmmung.
headphones

60 min

play_arrow
D'Finalisten a Finalistinnne vum ICMA, de Chrëschtconcert vum Uni.lu-Chouer a vum Orchestre de la Place de l'Europe

D'Finalisten a Finalistinnne vum ICMA, de Chrëschtconcert vum Uni.lu-Chouer a vum Orchestre de la Place de l'Europe

D'Marie Trussart féiert Iech duerch d'Aktualitéit aus der Klassik a bréngt Iech a Chrëschtdagsstëmmung.
headphones

60 min

play_arrow
Resonanzen

Resonanzen

De Christophe Mirkes féiert Iech duerch d'Aktualitéit aus der Klassik. Och vum opus 100,7 gëtt et Neiegkeeten: en neie Podcast!
headphones

60 min

play_arrow
rainy days, Salon de Helen Buchholtz, Trio Dora, an ee Concert um éischten Advent

rainy days, Salon de Helen Buchholtz, Trio Dora, an ee Concert um éischten Advent

E Bléck op d'Aktualitéit aus der Welt vun der Klassik.
headphones

60 min

play_arrow
Ee grousse Concours, ee jonken Cellist an ee jonke Pianist

Ee grousse Concours, ee jonken Cellist an ee jonke Pianist

E Réckbléck op de Prix Anne et Françoise Groben 2024, ee Concert mat engem jonke Pianist, an den neie Klassik Album vun der Woch
headphones

60 min

play_arrow
Zwee Concoursen an eng impressionistesch Komponistin

Zwee Concoursen an eng impressionistesch Komponistin

E Bléck op déi 40. Editioun vum Concours Jeunes Solistes vun der UGDA, de Prix Anne & Françoise Groben an den neie Klassik Album vun der Woch
headphones

60 min

play_arrow
Resonanzen

Resonanzen

En Iwwerbléck vun der Aktualitéit aus der Welt vun der Klassik
headphones

60 min

play_arrow
En Iwwerbléck vun der Aktualitéit aus der klassescher Musek

En Iwwerbléck vun der Aktualitéit aus der klassescher Musek

D’Kammerata Lëtzebuerg, den Ensembel Lucilin op den Donaueschinger Musiktage, Live-Musek aus der Philharmonie ian eng nei "The Dora Journey"-Podcast-Folleg
headphones

60 min

play_arrow
Resonanzen mam Christophe Mirkes

Resonanzen mam Christophe Mirkes

En Iwwerbléck vun der Aktualitéit aus der Welt vun der Klassik mam Christophe Mirkes.
headphones

60 min

play_arrow

headphones

60 min

play_arrow
Resonanzen

Resonanzen

Resonanzen op Pappendag
headphones

60 min

play_arrow
Wou sinn d'Fraen an der klassescher Musek?

Wou sinn d'Fraen an der klassescher Musek?

Ënner anerem ëm dës Fro geet et an dëser Episod.
headphones

60 min

play_arrow
Ee Summer mat 5 neien CDe vu Lëtzebuerger Artisten

Ee Summer mat 5 neien CDe vu Lëtzebuerger Artisten

Fir de Start vun der neier Saison vu Resonanzen hu 4 Leit aus der Klassikredaktioun an déi nei Lëtzebuerger Albumen eragelauschtert.
headphones

60 min

play_arrow