1) Catch Music Festival
"Flott Musek zesumme maachen a Freed zesummen hunn" dat ass d'Zil vum Catch Music Festival, e Kammermusekfestival hei am Land, deen dëst Joer seng 4. Editioun vum 14. bis 16. Mäerz zu Bouneweg huet. Grënnerinne sinn zwou Lëtzebuerger Musekerinnen: d'Pianistin Cathy Krier an d'Geiistin Laurence Koch.
Et geet haaptsächlech dorëms, deen "alen, verstëbsten, ultra steiwen Image, deen d'klassesch Musek huet, ze briechen", wéi d'Cathy Krier erzielt. Am Gespréich mam Marie Trussart verréit si méi.
2) Neie Marsch fir zukünftege Grand-Duc gesicht
D'Frënn vun der Militärmusek siche mat der Ënnerstëtzung vum Kulturministère an der SACEM no engem neie Marsch zu Éiere vum neie Groussherzog Guillaume. Dëst am Kader vum Trounwiessel am Oktober 2025.
Gesicht gëtt virun allem eng nei Eegekompositioun fir militäresch Zeremonien ze encadréieren an eng, déi un ee Foussmarsch ugepasst ass.
Am Gespréich war beim Lex Kauffmann den aktuelle Chefdirigent vun der Militärmusek, de Lieutenant-Colonel Jean-Claude Braun.
Si hunn sech iwwer d'Krittäre vum Concours ënnerhalen an och déi historesch Valeur vun esou Märsch an der Lëtzebuerger groussherzoglecher Geschicht.
3) D'Braatsch als Protagonist - Eise Klassik Album vun der Woch
De jonke brittesche Braatschist Timothy Ridout huet mat 8 Joer ugefaange mat sengem Instrument. Loscht fir d'Braatsch krut hien, wéi hie Musek aus den Harry-Potter-Filmer op deem Instrument héieren huet. Op sengem neien Album sinn awer net déi magesch Kläng ze héieren, mee Wierker aus verschiddenen Zäiten. Aus dem Barock stinn de Georg Philipp Telemann an de Johann Sebastian Bach um Programm, aus der Moderne ass et de Benjamin Britten, an aus der aktueller Zäit d'Caroline Shaw. Hiert Wierk "In manus tuas" huet si 2009 fir eng Cellistin komponéiert an dat Wierk ass zu New Haven am US-amerikanesche Staat Connecticut uropgeféiert ginn.
Den Timothy Ridout bitt hei keng gewéinlech Opnam, mee eng, bei där ee mengt, et géif ee ganz no beim Museker stoen. Et ass eng immens intim Produktioun, déi een definitiv aus dem Alldag eraushuele kann.
Eent vun de Wierker um neien Album ass dem Bach seng weltberüümt “Chaconne”. Dat virtuoost a komplext Meeschterwierk ass ronn 16 Minutte laang an original fir Gei komponéiert. Den Timothy Ridout léisst d'Wierk esou klengen, wéi wann et fir Braatsch geduecht wier an hie bréngt gläichzäiteg eng Liichtegkeet an eng Kraaft eriwwer.