Radioen

On air

Musek fir déi ganz Famill  |  Alessandro Scarlatti - Concerto fir Flütt an Do Majeur, II. Fuga - Tamar Lalo (Flütt), La Ritirata, Josetxu Obregón (Dir.)

play_arrow Live
opus

/ Neien opus 100,7-Podcast, Klassik-Album vun der Woch, 2 Concerten zu Lëtzebuerg, Puccini, ...

RESONANZEN

Neien opus 100,7-Podcast, Klassik-Album vun der Woch, 2 Concerten zu Lëtzebuerg, Puccini, ...

De Christophe Mirkes féiert Iech duerch d'Aktualitéit aus der Klassik. Och vum opus 100,7 gëtt et Neiegkeeten: en neie Podcast!

auto_stories

3 min

headphones

60 min

play_arrow

1) Podcast: Hanner den Téin

De Pit Brosius invitéiert Lëtzebuerger Komponisten a Museker, kuckt mat hinnen zesummen iwwer Partituren a féiert perséinlech Gespréicher iwwer Inspiratioun, Faszinatioun fir nei Musek, a villes méi. Am éischten Episod trëfft de Pit Brosius de Komponist Camille Kerger.

Episod 1 lauschteren

2) Sujet Stëll Schnéi Nuecht

"Et ass eng Häerzmassage" - esou beschreift d'Josée Bourg d'Wierk, dat si zesumme mam Akkordeonist Frin Wolter haut de mëtten (01.12.) am Mierscher Theater presentéiert. 
Béid hunn éischter zoufälleg zesummefonnt a kuerzerhand ee Programm mat eegenen Arrangementer op d'Bee gestallt.
Am Gespréich mam Lex Kauffmann schwätzen si doriwwer, wéi Ravel a Bach op Chrëschtdag passen. A wéi ee gesellschaftskritesch Theemen un ee jonke Public an u Kanner bréngt.

Lauschteren

3) Sujet Hommage à la Danse

D'Kompositioun “Imbalance” vum 24 Joer jonke Komponist Félix Turrion Eichler gouf nach net viru Public gespillt. Dat ännert sech elo mat engem Concert vun de Solistes Européens, Luxembourg mam Dirigent Christophe König an der Dänzerin Sylvia Camarda. Bei engem Concert gëtt dëst Wierk nämlech uropgeféiert. D'Kompositioun ass dann och an Zesummenaarbecht mam Kulturministère entstanen. 

Léiert dee jonken Oboist a Komponist Félix Turrion Eichler am Gespréich mam Lex Kauffmann kennen. Hei verréit hien, wat hanner senger Kompositioun stécht, woufir seng Passioun brennt a wéi eng Hobbyen dee jonke Museker nieft der Musek huet.

Lauschteren

4) Klassik-Album vun der Woch: Pure vu Louie's Cage Percussion

Et ass e klanglecht, kompositorescht a vun der Besetzung hir en Experiment. En Ausfluch fir d'Oueren an déi verschiddenst Stiler a Klangfaarwen. Entdeckt dësen aussergewéinlechen Disk, zesumme mam Lex Kauffmann a mam Christophe Mirkes.

Lauschteren

5) Giacomo Puccini

Firwat lauschtere mir haut eng Arie aus der Oper Tosca? Den 29. November, also de Freideg, sinn et op den Dag 100 Joer hir, datt den Giacomo Puccini gestuerwen ass. Fir un den italieenesche Spéitromantiker ze erënneren, huet den opus 100,7 déi ganz Oper 'Tosca', prett a senger Mediathéik. De Joachim Fontaine féiert mat Explikatiounen tëschent den Akten duerch de Live-Matschnëtt aus der Bayrescher Staatsoper.

Tosca lauschteren