Radioen

On air

De barocke Moien  |  Joseph Haydn - Sinfonie Nr.15 a Ré Majeur, Hob. I:15, III. Andante - Heidelberger Sinfoniker, Johannes Klumpp (Dir.)

play_arrow Live
opus

/ Der Lehrer und sein Schüler

Klassik Album vun der Woch

Der Lehrer und sein Schüler

De Pianist Hans-Jürg Strub an den Dirigent Christian Erny kennen sech schonn zanter Jorzéngten: Den éischte war dem zweete säi Pianosprof. Elo erfëllen si e laangjäregen Draam an huelen en Album zësummen op.

auto_stories

3 min

headphones

14 min

play_arrow
Hans-Jürg Strub & Christian Erny

Zësumme mat der Württembergischer Philharmonie Reutlingen hunn den Hans-Jürg Strub an de Christian Erny d'Sinfonie Nr 35 a Ré majeur, och Haffner Sinfonie genannt, an de Pianosconcerto an Do Mineur vum W.A. Mozart opgeholl. 

Lauschterenplay_arrow

Tumult a Melancholie

De Pianosconcerto an Do Mineur huet en immens däischtere Charakter, a weist wéi villfälteg de Mozart als Komponist war. De Salzburger konnt genee sou liicht, witzeg Stécker komponéieren, wéi och ausdrocksvoll, düster an emotional Musek. Aussergewéinlech beim 24. Concerto ass d'Mineur-Tounart: de Mozart huet soss just een anere Pianosconcerto a mineur komponéiert, de K.V. 466 a Ré mineur.

D'Achzeger Jore vum 18. Jorhonnert: eng héich Produktiv Zäit fir de Mozart

1786 ass de Mozart fäerdeg mam Pianosconcerto Nr. 24, dräi Wochen no der Vollendung vu sengem 23. Concerto, ganz knapp virun de Nozze di Figaro an annerhalleft Joer virum Don Giovanni. Et war eng héich produktiv Zäit an et kann een dovunner ausgoen, datt de Komponist ënner Drock stoung. Tëschent 1784-86, also ënnerhalb vu nëmmen 2 Joer huet hien 12 Pianosconcerti produzéiert. 

D'Improviséieren war net d'Reegel

Et ass eng romantesch Virstellung, datt de Mozart aus dem näischt Inspiratioun fonnt, a viru sech lasskomponéiert hätt. Aus der Nout eraus, huet hien zwar wuel Pianosdeeler bei sengen Uropféierungen improviséiert. An der Reegel hat hien awer e ganz methodeschen a strukturéierte Kompositiounsprozess. Manuskripte beleeën, datt hien de 24. Pianosconcerto e puer Mol iwweraarbecht huet, ier hie komplett zefridde war. 

En Album als Resultat vun enger laangjäreger Frëndschaft

Den Dirigent Christian Erny an de Pianist Hans-Jürg Strub kennen sech zanter Jorzéngten. Den Erny huet beim Strub Piano studéiert an de Schüler a säi Lehrer si mëttlerweil ganz gutt Frënn, sou datt si sech musekalesch blann verstinn. De Strub huet sech bei de Virprouwen aktiv dorunner bedeelegt de Concert duerchzediskutéieren. Déi eng oder aner Momenter wou se sech net méi eenz waren, beschreift de Christian Erny als eng “Géigesäiteg Befruchtung”.

Eng Interpretatioun voller Liichtegkeet

Dem Hans-Jürg Strub seng Interpretatioun dréckt eng besonnesch Liichtegkeet aus. Hie kennt d’Stéck schonn zanter senger Jugend: Als Student huet hien d’Kadenz vun der Pianistin Clara Haskil héieren an huet sech déi opgeschriwwen.