De 5. Dezember 1791 stierft de Mozart am Alter vu nëmme 35 Joer. Seng Fra, d'Constanze Mozart, këmmert sech ëm d'Kanner an ëm déi vill Scholden, déi de Wolfgang hannerlooss huet. Als "Witwe Mozart" steet si am Mëttelpunkt vum Wiener Museksliewen a suergt dofir, datt d'Musek vun hirem Mann net an d'Vergiessenheet geréit. An der éischter Hallschent vum 19. Joerhonnert gëtt dem Mozart seng Musek zum Hit an d'Constanze suergt fir e richtege Mozart-Kult zu Salzburg. De Joachim Fontaine verréit eis méi iwwer de posthumen Erfolleg vum Mozart.