Radioen

On air

De gemittleche Moien  |  Édouard Lalo - Fantaisie Norvégienne, II. Andante - Jean-Jacques Kantorow (Gei), Granada City Orchestra, Kees Bakels (Dir.)

play_arrow Live
opus

/ "Et ass eng grouss Éier"

Klassik Aktuell

"Et ass eng grouss Éier"

Lëtzebuerger Participatioun zu Dublin um The Clarinet Fest

auto_stories

1 min

headphones

5 min

Klarinettistin | © radio100,7 play_arrow
Simone Weber (Foto: Archiv)

Vum 31. Juli bis de 4. August war zu Dublin den "The Clarinet Fest 2024". Mat dobäi war och eng Ekipp vun der Luxembourg Clarinet Association. Hei hunn déi insgesamt 7 Museker:innen ee Concert gespillt. Ee weidert Zil war et, Iddien, Erfarungen a Kontakter auszetauschen, ma och Kompositioune goufe virgestallt. Ënner anerem vum jonke Komponist Yann Windeshausen.


Am Interview mam Lex Kauffmann huet d'Presidentin vun der Luxembourg Clarinet Association, d'Simone Weber, iwwer hir Participatioun an d'Resonanz beim Publique bei dësem Event geschwat.

Lauschterenplay_arrow