Radioen

On air

De gemittlechen Nomëtteg  |  Robert Schumann - Sinfonie Nr.3 a Mi bémol Majeur, Op. 97, III. Nicht schnell - Cappella Aquileia, Marcus Bosch (Dir.)

play_arrow Live
opus

/ "Et ass wichteg, datt een och niewent der Musek eppes zesumme maache kann"

Benjamin Kruithof a Marco Sanna am Gepsréich

"Et ass wichteg, datt een och niewent der Musek eppes zesumme maache kann"

De lëtzebuergeschen Cellist Benjamin Kruithof trëtt an der Serie Rising Star vun der ECHO (European Concert Hall Organisation) op. Zesumme mam Pianist an ARD-Musikwettbewerb-Gewënner Marco Sanna tourt hien duerch 18 vun deene ganz grousse Concertshaiser an Europa. Virun hirem Optrëtt an der Philharmonie zu Lëtzebuerg ginn de Benjamin Kruithof an de Marco Sanna am Interview en Abléck an hir Virbereedung, hir Zesummenaarbecht, an et geet och zeréck bei dem jonken Cellist seng Wuerzelen am CMNord. Nominéiert gouf de Benjamin Kruithof vun der Philharmonie zu Lëtzebuerg an dem Het Concertgebouw Amsterdam.

auto_stories

1 min

headphones

19 min

Marco Sanna a Benjamin Kruithof play_arrow
Marco Sanna a Benjamin Kruithof

Zwee Deeg prouwen, ureesen, zwee Concerte spillen an dann nees ofreesen. Dëst ass mëttlerweil Alldag am Benjamin Kruithof sengem Liewen. Dës Saison trëtt hien an der Serie Rising Stars op, bei där jonk Talenter d'Chance kréie sech an de grousse Concertshaiser vun Europa ze weisen. 18 Concerte stinn op der Affiche, een dovunner zu Lëtzebuerg. Virun hirem Optrëtt an der Philharmonie huet sech de Luc Boentges mat de Museker getraff, fir méi gewuer ze ginn iwwer de Programm, dee si op der Tournée spillen, hir Virbereedung an och dem Benjamin Kruithof seng Wuerzelen. Op Wonsch vun den Artisten hu sech d'Gespréichspartner geduuzt.

Lauschterenplay_arrow

Infoen iwwer déi ganz Rising-Star-Tournée vum Benjamin Kruithof fënnt een hei.