Radioen

On air

Musek fir déi ganz Famill  |  

play_arrow Live
opus

/ Hanner den Téin

Episod 2 // elo online

Hanner den Téin

A sengem neie Podcast invitéiert den Dirigent Pit Brosius an déi perséinlech Welt vun der Neier Musek.

auto_stories

3 min

headphones

6 min

play_arrow

Episod 2 - Cathy Krier

An dësem Episod erzielt d’Pianistin Cathy Krier iwwer d’Normalitéit vun der Neier Musek an hirem Liewen. Schonn als Kand konnt si eng Passioun fir mei modern Kläng entwéckelen, an esou spillt dat Experimentellt fir si och haut nach eng wichteg Roll. Sech trauen Neies ze entdecken an auszeprobéieren, dat war och ee vun de Grondsteng vun der enker Zesummenaarbecht mat der Komponistin Catherine Kontz.

Episod 1 - Camille Kerger

Am éischten Episod trëfft sech de Pit Brosius mam lëtzebuergesche Komponist Camille Kerger. Seng Musek, mee och hien als Persoun faszinéiert de Public ëmmer erëm mat ganz vill Charme a Wëssen. Hien erzielt, wat hien alles begeeschtert a wéi ee seng Inspiratiounen a senger Musek héiere kann. Doriwwer eraus gëtt hien en exklusiven Abléck a seng nei Kompositioun Music for Three.

Als Dirigent huet de Pit Brosius vill Kontakt mat Neier Musek a gëtt ëmmer erëm a spannend Gespréicher mat Museker:innen verwéckelt. Am Podcast Hanner den Téin stellt hien dës perséinlech Diskussiounen an Anekdoten - déi normalerweis soss keen héiert - eemol de Mount an de Mëttelpunkt. Hie wëllt vu sengen Invitéë wëssen, wéi si d’Musek aus eiser Zäit gesinn, wat si doru faszinéiert, wat si inspiréiert a wat si domat ausdrécke wëllen.

Hannergrondinterviewplay_arrow