De Jörg Widmann ass e richtegt musikalescht Multitalent – hien ass net nëmme Klarinettist a Komponist, mee och nach Dirigent. Dëse Sonnden 13. Oktober steet hien um Dirigentepult an der Congresshalle zu Saarbrécken.
De Jörg Widmann ass e grousse Fan vum Robert Schumann: “Der Schumann hat mich sofort angesprochen, und die Liebe wird immer noch grösser.” Um Programm steet nieft der éischter Sinfonie vum Robert Schumann och nach eng eege Kompositioun vum Dirgent: “Schumannliebe”.
De Jeff Schinker huet am "Kultur um 5" um radio 100,7 mam Marie Schockmel iwwert de Concert geschwat:
D'Gabi Szarvas vum SR kultur huet en Interview mam Jörg Widmann gemaach:
De Sonnden 13. Oktober um 11:00 Auer iwwerdroen den opus a radio 100,7 dëse Concert live zesumme mam SR kultur.