D’Bün an der grousser Kierch zu Dikrech ass schonn opgeriicht. Lues a lues kommen d’Sänger:innen aus deene véier verschiddene Chéier zesummen. Ronn 90 Leit, aus allen Altersklassen, sinn op der éischter Prouf dobäi. Et ass déi éischte Kéier, datt si all zesummen am Ensembel wäerte sangen.
All Detailer zum Concert fannt dir hei.
Vu Chaos zu Faszinatioun
Am Ufank wierkt et nach liicht chaotesch, wat awer normal wier, erkläert den Dirigent Jean-Paul Majerus. Hien weist de Leit hir Plazen a fänkt d’Prouf u mam Saz “Haut gëtt et ganz experimentell”.
“Déi gréisst Erausfuerderung ass, eebe well een déi véier Chéier zesummen hellt, déi net direkt gewinnt sinn zesummen ze schaffen an sou engem groussen Ensembel. Ech menge mir sinn zu 100 ongeféier. Dat ass scho mol déi gréissten Erausfuerderung. Well esou een Apparat dann zesummen ze halen, als Dirigent. Mee och als Sänger an de Reien ze stoen a lénks a riets aner Stëmmen ze héieren, déi een net gewinnt ass (...)”
An wéi geet ee mat deenen Erausfuerderungen ëm?
“Mat vill Gedold a vill schaffen. Ech mengen et ass einfach, datt een sech net gëtt, dees et ass. Mir sinn nu mol zesummen a jiddereen ass zefridden a jidderee fillt sech wuel. An dat ass bei esou engem Zesummekomme vu véier Chéier einfach dat Wichtegt. Jidderee soll Freet hunn, Spaass hunn an dobäi geet et net ëm eng gëlle Kou.”
Datt de Spaass an d’Freet am Vierdergrond stoen, dat Gefill kritt een och op der Prouf. Et ass eng gutt Atmosphär an ëmmer rëm gëtt gelaacht. Mat Schalen a waarmen Téi sinn d’Sängerinnen a Sänger equipéiert an och Humor ass mat dobäi.
Versioun 2.0.
Déi gréissten Erausfuerderung wier gläichzäiteg och déi gréissten Inspiratioun, seet de Jean-Paul Majerus.
Et ass net déi éischte Kéier, datt beim Chrëschtconcert zu Dikrech an der Kierch Musek a Liicht Hand an Hand ginn. Schonn 2017 gouf et den Noël en lumière an dat mat groussem Succès, erkläert d’Mady Bertemes, Presidentin vun der Entente.
An dëst Joer, soll den 2.0 net nëmmen eng Kopie vun 2017 ginn. Et wier nach eng Schëpp drop geluecht ginn, seet d’Mady Bertemes.
“Mir hunn nach méi Museker, déi eis ënnerstëtzen: De Joe um Harmonium an de Jos nach do uewen op der Uergel mam Maurice zesummen an de Christophe hei ënnen um Piano. Wat jo rëm nach eng Kéier anescht kléngt, wéi wann ee just Uergel a Piano huet. Do komme jo nach méi Saachen dobäi mam Harmonium an och aner Leit, déi nach hëllefe spillen. An et ass einfach nach méi grouss wéi deen, deen et 2017 war.”
Fir d’Sänger:innen aus deene véier Chéier ass et ëmmer rëm en Erliefnes Deel vu sou engem groussen Ensembel ze sinn.
D'Kiischt um Kuch
An och fir de Pianist Christophe Nanquette ass et eppes Aussergewéinleches esou e grousse Chouer ze begleeden.
“Normalerweis sinn d’Chéier däitlech méi kleng, besonnesch wann si vum Piano begleet ginn. An anere Fäll ginn et och grouss Chéier déi vun Orchestere begleet ginn, mee dat hei ass éischter aussergewéinlech. Voilà, an dat mëscht d’Saach och bësse schwiereg, well mir zum Deel extrem wäit ewech si vun der Distanz, fir do déi eenzel Sänger aus der leschter Réi nach ze héieren a mat hinnen zesummen ze spillen.”
Nieft der Gréisst vum Ensembel an der instrumentaler Begleedung solle virun allem déi spektakulär Liichteffekter de Concert zu eppes ganz Besonneschem maachen. Fir déi kënschtleresch Beliichtung suergt de Paul Hoffmann. D’Liichteffekter sollen de Publikum mat op eng Rees huelen an d’Eenheetlechkeet vum Concert weisen. Fir d’Joëlle Muller vum Sängerbond Dikrech hunn si eng ganz besonnesch Roll.
“D’Liichtspektakel ass am Fong dat, wat de Punkt op den i setzt, wat dee ganzen Owend ofrënnt, wat nach eng Kéier eng Kiischt op de Kuch setzt. Dat wat wierklech nach eng Kéier eng drop setze.”
Den Dirigent, Jean-Paul Majerus, setzt de Liichtspektakel an e ganz aktuelle Kontext.
“Den deen d’Ouverture vun der Notre Dame zu Paräis gesinn huet um Fernseh, dee kann sech gären e Bild maache wéi wichteg Liicht a Musek kënnen zesummen harmonéieren oder wéi wichteg et iwwerhaapt ass, déi zou Konschtrichtungen ze vermëschen. Ech mengen dat ass einfach eppes Eemoleges. An ech denken hei wäert et och nees esou sinn. Et war 2017 och onheemlech flott an dat war och de Feedback, deen d’Leit ginn hunn nom Concert. Datt si sech einfach konnte falen loossen a Biller, wou si net nëmmen d’Musek héieren hunn, mee wou si d’Musek an d’Bild vermëscht hunn.”
Den Ensembel setzt sech zesummen aus der Chorale Municipale Sängerbond, der Chorale Ste Cécile, dem Ensemble Vocal Cantica an dem Ensemble de Jeunes Dikricher Solschlësselcher.