Radioen

On air

De gemittlechen Nomëtteg  |  Ludwig van Beethoven - Bagatelles, Op. 126, Nr.6 a Mi bémol Majeur - Evgenia Rubinova (Piano)

play_arrow Live
opus

/ “C’est le moment à regarder vers un Lucilin 2.0”

25 Joer United Instruments of Lucilin

“C’est le moment à regarder vers un Lucilin 2.0”

United Instruments of Lucilin feiert säi 25. Gebuertsdag an annoncéiert eng spannend nei Saison. De neien Head of Artistic Development Gerd Van Looy an de musikaleschen Direkter a Perkussionist vum Ensembel Guy Frisch verrode méi.

auto_stories

1 min

headphones

11 min

play_arrow
Gerd Van Looy & Guy Frisch © United Instruments of Lucilin

"Lucilin 2.0" - dovunner schwätzen de Guy Frisch, Musikaleschen Direkter a Perkussionist vun United Instruments of Lucilin, an de Gerd Van Looy, neien Head of Artistic Development. De Gerd Van Looy huet bei Lucilin ugefaangen nodeems d'Florence Martin, fréier Co-Directrice vum Ensembel, hire Poste no ronn 17 Joer verlooss huet. 


D'Saison 2024/25 vum Ensembel fir nei Musek gouf elo offiziell virgestallt, an um Programm stinn eng Rei spannend Projeten. Dorënner sinn eng Europa-Tournée, eng Concertsrees a Korea an déi zweet Editioun vum Festival "33,7" bei deem 25 Stonne Musek gespillt gëtt.


Wat de Public nach alles erwaart, dat hunn de Guy Frisch an de Gerd Van Looy dem Marie Schockmel verroden. 

De ganzen Interview mam Gerd Van Looy:

Lauschterenplay_arrow

De ganzen Interview mam Guy Frisch:

Lauschterenplay_arrow