De Meccore String Quartet, deen 2007 vun deemolege Studente gegrënnt gouf, huet en neien Disk op de Marché bruecht. Drop ze héieren ass polnesch Romantik vum Wieniawski a Paderewski. Zwee Komponisten, déi an den haitege Kammermuseksprogrammer net verwuerzelt sinn, awer bis elo zu onrecht negligéiert goufen.
Ze entdecke gëtt et zwee Sträichquartetter:
- Józef Wieniawski: Sträichquartett a La mineur, Op.32
- Ignacy Jan Paderewski: Variationen a Fug a Fa Majeur
Et sinn zwee Wierker, déi duerch hire romantesche Räichtum bestiechen. An och d'Interpretatioun gëtt dat erëm. De Meccore String Quartett spillt lieweg a baut vill Intensitéit duerch prezis gesaten Akzenter op. Och klanglech wees den Ensembel, wéi ee méiglechst vill Resonanz aus deene 4 Instrumenter zitt. Dobäi ass och eng enorm Prezisioun an der Intonatioun festzestellen.
Och den historesche Kontext passt: Den éischte Geiist spillt op dëser Opnam op enger Gei vum Charles François Gand. De franséische Geiebauer ass zwar net sou bekannt wéi seng italieenesch Kolleegen, mee et ass eng Gei, op där och den Henryk Wieniawski gespillt huet.
Lauschtert hei dat ganzt Gespréich tëschent dem Christophe Mirkes an dem Marie Trussart, an deem den neien Album "Souvenirs de Posen" presentéiert gëtt.