Radioen

On air

De gemittleche Moien  |  Johann Sebastian Bach, (arr. Joseph Rheinberger, Max Reger) - Goldberg-Variatiounen, BWV 988, Variatioun XIII - Iglika Marinova (Piano), Marco Kraus (Piano)

play_arrow Live
opus

/ Immersiv, explorativ, kontemplativ

Nei Musek vu Lëtzebuerger Komponist

Immersiv, explorativ, kontemplativ

De Georges Lentz huet nei Musek fir Sträichquartett erausbruecht. Afloss op d'Kreatioun haten och Technik an d'Interprete vum "The Noise String Quartet".

auto_stories

2 min

headphones

8 min

2024 | © Klae McGuinness play_arrow
Photo: Klae McGuinness

Fir dësen Album mat engem immersive Klangerliefnes a vollem Ëmfang ze genéissen, muss ee fir d'éischt verstoe wouran den Ursprong läit. Dee féiert nämlech an e fréiere Waassertuerm am australeschen Outback. Wann een sech do an der Wüst d'Landschaft, de Stärenhimmel an d'Rou virstellt, da begräift een direkt déi atmosphäresch Spannung. Déi Klangwelt entsteet net nëmmen duerch déi analog Instrumenter vum "The Noise String Quartet", mee och duerch digital vum Komponist provozéiert Verännerungen um Computer.

De Komponist Georges Lentz huet mam Christophe Mirkes iwwer seng Visioun an iwwer seng klanglech Experimenter geschwat, déi hien am Laf vu senger neier Kreatioun entwéckelt an ausgeschafft huet. Hie verréit och firwat hien eigentlech net gären iwwer seng Musek schwätzt.

Lauschterenplay_arrow