Radioen

On air

Musek fir déi ganz Famill  |  Johann Sebastian Bach (arr. Carlo Jans) - Concerto a La Mineur fir Hautbois, BWV 1041, I. Allegro - Carlo Jans (Flütt/Dir.), Latvian Philharmonic Chamber Orchestra

play_arrow Live
opus

/ Filmmusek tëschent Bach an Techno

Klassik Aktuell

Filmmusek tëschent Bach an Techno

Fir de Francesco Tristano stellt d'Musek d’Géigewaart a Fro, an deems se sech op d’Vergaangenheet bezitt. A genee dat beweist hien am Ciné-Concert, bei dem hien zësumme mam Pianist Hayato Sumino Musek zum Stommfilm Asphalt spillt.

auto_stories

1 min

headphones

11 min

play_arrow
Francesco Tristano an Hayato Sumino © Ryuya Amao

Dëse Samschden Owend (16.11) wandelt sech de grousse Sall vun der Philharmonie an e Kino aus der Stommfilmära. Um 19.30 Auer begleeden zwee international unerkannt Pianisten – de Francesco Tristano an den Hayato Sumino – de Stommfilm Asphalt (1928) vum däitsche Realisateur Joe May mat Pianoen a Synthesizer. Am Gespréich mam Marie Trussart huet de Francesco Tristano ënner anerem verrode wéi een d’Zäit am A behält wann ee live Musek zu engem Stommfilm spillt, wéi Musek d’Géigewaart a Fro stellt an iwwerhaapt: ëm wat et beim Film eigentlech geet.

Lauschterenplay_arrow