Radioen

On air

De gemittleche Moien  |  Ennio Morricone - Giuseppe Tornatore Suite, aus 'Malena' (Film) - Yo-Yo Ma (Cello), Orchestra Roma Sinfonietta

play_arrow Live
opus

/ Unlearn

Klassik Aktuell

Unlearn

Den neien Album vum Lëtzebuerger Ensembel "Machine à Trois" (Mà3)

auto_stories

1 min

headphones

9 min

play_arrow
'Unlearn" - de neien Album vu "Machine à Trois"

De Lëtzebuerger Ensembel "Machine à Trois" (Mà3) huet elo en neien Album opgeholl. Den Trio stellt sech zesummen aus der Rachel Xi Zhang um Marimba, dem Laurent Warnier um Vibraphon an dem Pascal Meyer um Piano. Déi dräi hunn sech wärend hire Studien zu Amsterdam kenne geléiert.

Fir hiren neien Album "Unlearn" hunn si mat ville Kënschtler zesummegeschafft, wéi mam Pol Belardi a mam Michel Reis. 

De Release-Concert vum Album ass den 18. Januar 2025 um 20h00 Auer Owes op der Schmelz zu Diddeleng. 

D'Marie Schockmel huet sech mat der Rachel Xi Zhang an dem Pascal Meyer iwwert den Trio an de neien Album ënnerhalen.  

Lauschtert hei den Interviewplay_arrow