De 27. Januar ass net nëmmen de Gebuertsdag vum Wolfgang Amadeus Mozart, mee och den internationale Gedenkdag un d'Affer vum Holocaust. An der Philharmonie organiséieren d'Solistes Européens, Luxembourg dofir ee ganz passende Concert mat ënnert anerem engem Rondo vum Mozart an "From Jewish Life" vum Ernest Bloch. Op der Bün steet en Cello-Piano Duo mam Alexander Hülshoff an dem Andreas Frölich.
D'Marie Schockmel huet sech mam Cellist Alexander Hülshoff ënnerhalen an iwwert seng Erënnerunge vu Lëtzebuerg bei sengem éischte Concert geschwat.