Radioen

On air

De barocke Moien  |  Josef Myslivecek - Concerto fir Piano Nr.1 a Si bémol Majeur, I. Allegro Comodo - Clare Hammond (Piano), Swedish Chamber Orchestra, Nicholas McGegan (Dir.)

play_arrow Live
opus

/ Kompromëss um EU-Sommet

Europa

Kompromëss um EU-Sommet

Um EU Sommet zu Bréissel sinn déi 27 EU Staats- a Regierungscheffe sech no stonnelaangen Diskussiounen iwwert e Kompromëss eens ginn, fir d’Finanz- a Kapitalmäert méi an den europäesche Bannemaart ze integréieren,

auto_stories

1 min

Foto: European Union

Knackpunkt war d‘Fuerderung vu Frankräich a vun anere Länner fir eng zentral Iwwerwaachungsautoritéit vun de Kapitalmäert ze schafen. Lëtzebuerg an eng Dosen aner, méi kléng EU Länner, waren awer do dergéint.

Am Kompromëss heescht et elo: D’EU-Kommissioun soll déi ënnerschiddlech europäesch Iwwerwaachungs-Autoritéiten analyséieren a kucken, wou ee méi Konvergenze kéint schafen. Duerno soll weider zu 27 am Conseil doriwwer diskutéiert ginn.

Et wier e ganz gudde Kompromëss, sot de Luc Frieden. De Lëtzebuerger Premier huet betount: Eng Iwwer-Reglementatioun an Zentraliséierung vun de Finanzkontrollopsiichte wier net am Interêt vun de Betriber, de Leit, an der Lëtzebuerger Finanzplaz.