Radioen

On air

De barocke Moien  |  Joaquin Rodrigo - Concierto De Aranjuez, III. Allegro Gentile - Junhong Kuang (Gitarr), Czech Chamber Philharmonic Orchestra Pardubice, Darrell Ang (Dir.)

play_arrow Live
opus

/ Lëtzebuerg verzeechent niddregste Wuesstemstaux bannent de leschten 10 Joer

STATEC

Lëtzebuerg verzeechent niddregste Wuesstemstaux bannent de leschten 10 Joer

Op den 1. Januar hu knapp iwwer 672.000 Leit zu Lëtzebuerg gelieft. Dat sinn der 11.241 méi, wéi d‘lescht Joer. Domat ass d‘Populatioun manner séier gewuess, wéi d‘Joer virdrun. Et ass den niddregste Wuesstemstaux an de leschten 10 Joer. Dat geet aus den neie Populatiounszuele vum Statec ervir.

auto_stories

1 min

De Wuesstum vun 1,7 Prozent ass haaptsächlech bedéngt duerch d‘Migratioun. Ronn 27.000 Mënsche sinn d‘lescht Joer nei zu Lëtzebuerg ukomm. Ronn 16.600 hunn d‘Land verlooss. An dat ware virun allem Lëtzebuerger: 3.102 Lëtzebuerger hunn d‘lescht Lëtzebuerg de Réck gekéiert, duerno komme Portugisen a Fransousen.

Da si 6.230 Kanner d‘lescht Joer hei am Land op d‘Welt komm. Manner wéi d‘Joer virdrun. Domat ass och de Feconditéitstaux erofgaangen: Eng Fra kritt an der Moyenne 1,25 Kanner. Zanter 2000 ass deen Taux zeréckgaangen. Bei de Lëtzebuergesche Fraen ass deen Taux nach méi déif, wéi bei den Auslännerinnen.