Dësen Donneschdeg, 21.3. heescht et hei am Land nees “Bach in the Subways”. Ee ganzen Dag vu moies 8 Auer bis owes spéit ginn et am Ganze 36 Mini-Concerten an der Stad an um Kierchbierg, mat iwwer 100 Museker:innen. Am Mëttelpunkt steet d'Musek vum Johann Sebastian Bach, deen den 31. Mäerz Gebuertsdag feiert. Organiséiert gëtt dëse Mini-Festival vum INECC (Institut Européen de Chant Choral) a Kollaboratioun mam Ensembel Ad Libitum. Den Direkter vum INECC Arend Herold verréit dem Marie Schockmel all Detailer iwwer de grousse Programm vu muer.
Bach in the Subways 2024
headphones
10 min
Lauschteren
play_arrow
mic_none
Presentéiert vum
- Marie Schockmel