A manner wéi enger Woch ass Chrëschtdag, an den Owend kann een an der Philharmonie definitiv schonn a feierlech Stëmmung kommen. Beim traditionelle Chrëschtconcert geet et vun "An der grousser hell‘ger Nuecht“ iwwer "Jingle Bells“ bis "Feliz Navidad“. Dat Besonnescht ass, datt de Publikum matsange kann. An d‘Bün vun der Philharmonie ass gutt gefëllt. Nieft de Lëtzebuerger Philharmoniker sinn och verschidde Chéier mat dobäi, an dirigéiert gëtt dat Ganzt vum Pierre Cao.
De Chrëschtconcert an der Philharmonie
headphones
5 min
Lauschteren
play_arrow
mic_none
Presentéiert vum
- Marie Schockmel