Panorama
Mëttespanorama
12 min
1. Lëtzebuerg wëllt säi Budget fir d‘Defense däitlech an d‘Luucht schrauwen, hat de Premier Luc Frieden gëschter dem NATO-Generalsekretär versprach. Déi Sue sollten awer net alleguer an den NATO-Fong fléissen, fuerdert de fréiere Verdeedegungsminister a gréngen Deputéierte François Bausch
2. An den Debatt ronderëm de Budget vun der Gemeng Lëtzebuerg kritiséieren d‘Oppositiounsparteien, datt sech un der "Politik vu bis elo“ näischt geännert hätt
3. Déi Europäesch Investitiounsbank kritt eng éischte Kéier eng Presidentin, déi spuenesch Wirtschaftsministesch Nadia Calviño soll op den 1. Januar dee Posten iwwerhuelen
Presentéiert vum
- Paule Rodesch