Presserevue
Editioun vu 7:16
5 min
De Premier Luc Frieden ass en ambivalente Charakter: dat schreift d’Lëtzebuerger Land. Zu Bréissel seet hie Saachen, déi hien zu Lëtzebuerg erëm relativéiert. “Ënnerschiddlech Siichtweisen” géif hien an enger Persoun vereenen, stellt d’Wochenzeitung fest.
Iwwer den Ausbau vum Tram an der Stad geet Rieds an engem Interview mat der Mobilitéitsministerin Yuriko Backes (DP) haut am Lëtzebuerger Land.
Mat der Néierlag fir de fréiere Proactif-Direkter beschäftegt sech ë. a. d’Luxemburger Wort: d’Geriicht huet d’Klo vum François Georges géint seng Kënnegung fir net zoulässeg erkläert. Hie wéilt elo virun d’Aarbechtsgeriicht zéien.
Presentéiert vum
- Serge Kesseler